Den Tram – eng Katastroph och zu Edinburgh !

Net nëmmen zu Lëtzebuerg ginn Suen fir en Tram zur Fënster rausgehäit – neen och an där schéiner schottescher Stad Edinburgh. Just do sinn se schonn méi wäit wéi mir…

http://en.wikipedia.org/wiki/Edinburgh_Trams

Den Artikel seet, dat Edinburgh wéi Lëtzebuerg fréier en Tram hat, den allerdéngs 1956 haaptsächlech duerch Autobussen ersat gouf. Lo gëtt schonn zënter Joeren un engem neien Tram gedoktert an gebaut. Edinburgh huet wéi Lëtzebuerg eng komplizéiert Staadstruktur an ass och zum Deel denkmalgeschützt.  Dofir ass et besonnesch interessant fir ze kucken wat do bis elo am Dossier Tram geschitt ass.

Abee, d’Zäitpläng an der Constructioun goufen em Joeren verpasst an d’Käschten sinn explodéiert. Déi ursprünglech Devisën goufen ëm honnerte vu Milliounen britesch Pond iwwerschratt an d’Geschicht ass nach laang net um Enn. D’Geschäftsleit bekloen sech iwwer hir héig Akommesverloschter wéinst den Aarbechten, d’Stroossen laanscht Schinnen ginn futti a mussen reparéiert ginn, Veloën accidentéieren wëll d’Rieder an de Schinnen hänke bleiwen an vill Leit akzeptéieren net dat déi elektresch Stroumkabelen sollen un hiren Haiser verankert ginn.  Fazit : den Tram gëtt net sou realiséiert wéi geplangt an de Projet bleiwt stiechen. Bei eis géng et net aanecht goen !

An der « Financial Times » huet de Professer John Kay  vun der London School of Economics schonn den 30. August 2011 e flotten Artikel mam Titel : « Why trams belong in museums and not on city streets » publizéiert.  An dem Artikel beschreift hien de Fiasko vum Tram zu Edinburgh.

Hien insistéiert drop, dat d’Bussen vill méi bëlleg sinn, méi héig Frequenzen erlaben, méi flexibel sinn an dat dài enorm Käschten vun engem Tram sech dowéinst net justifiéieren. Zu Edinburgh kënnt et elo zu enger Enquête fir déi Verantwortlech fir d’Verschwendung vu 750 Milliounen Pond ze identifizéieren …

Zu Lëtzebuerg kënne mir hir Nimm schonn. Do sinn mir mol eemol vir ! Si heeschen Xavier Bettel, François Bausch an Claude Wiseler.

Hei ass och nach en interessanten Artikel aus dem « Guardian » iwwer den selwechten Sujet. Villes wat an dësem Artikel beschriwwe gëtt wär genee d’nämlecht bei eis am Land!

http://www.guardian.co.uk/uk/scotland-blog/2013/mar/21/edinburgh-trams-lost-faith

Ech verweisen och ausdrécklech op de Site www.adr.lu wou een ënnert dem Stëchwuert « Tram » eng Hellewull vun interessanten Informatiounen zu dem Thema fënnt.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert