SchwuP – an déi Gréng hei am Land?

Lues an lues kënnt jo bekanntlech alles raus… déi Gréng an Däitschland hunn nach an denen leschten Wochen behaapt hir Partei hätt ni offiziell Decisiounen zum Thema Pädophilie geholl. Dësen Artikel behaapt de Contraire:

http://www.faz.net/aktuell/politik/inland/gruene-ein-triumph-der-paederasten-12187528.html

Déi gréng Homosexuell an Pädophil haaten eng eegen Aarbechtsgrupp genannt „SchwuP“ an well déi Gréng jo sou fir Minoritéiten-„rechter“ sinn, haten déi och hir Programmpunkten duerchgesat kritt.

Elo stellt sech natierlech d’Fro no denen Gréngen hei am Land. Géint den Här Cohn-Bendit schengen déi Gréng an speziell hiren Europadeputéierten den Här Turmes jo schonn näicht wëllen ze maachen – jiddefalls hunn ech nach näicht héieren. Wann een bedenkt wéi si nach virun engem Joer géint déi kathoulesch Kierch gefacht hunn ass lo däitlech wéi falsch an verlugen déi gréng Partei ass! Déi Gréng feieren geschwënn hiren 30. Gebuertsdag – dat wär vläicht eng gutt Geleeënheet fir mol op déi vill däischter Kapitelen vun där grénger Bewegung schwätzen ze kommen. Niewent der Pädophilie wär jo och dat Kapitel Sympathie fir terroristesch Organisatiounen nach e ganz en interessante Sujet!

Déi lénk Bewegungen, an do virun allem déi Gréng, mussen hir Vergaangenheet endlech opschaffen an ënner anerem och hir Verantwortung am Dossier Pädophilie unerkennen. D’Kanner – an dat sinn hei d’Affer – kommen ëmmer un éichter Plaz! Déi Gréng sollen all hir Programmer, Decisiounen an Resolutiounen – respektiv déi vun hiren Virleeferorganisatiounen –  aus den 70er an 80er Joeren elo publizéieren an historesch auswäerten loossen.  An der Chamber hat den Här Bettel (DP) e puer mol gesot, et däerft een keng Verbindung tëschent Homosexualitéit an Pädophilie hirstellen. Dat ka sinn, mee bei denen Gréngen gouf et déi souguer institutionnell!

http://www.focus.de/politik/deutschland/opfervertreter-klagt-an-cohn-bendit-ist-mitverantwortlich-fuer-kindesmissbrauch_aid_993098.html

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert