Competitivitéit : De Minister Etienne Schneider huet déi Gréng entlarvt!

De 16. Mee wor an der Chamber eng Debatt zum Thema Competitivitéit. Iwwer grouss Strecken wor dat keng Debatt mee eng laang Rei vu langweilegen Rieden.

E sielen  schéinen a spannenden  Passage koum awer wou de Minister Etienne Schneider den grénge Spriecher  Henri Kox opgefuerdert huet, dach mol w.e.g. konkret ze soen wéivill Prozent Wuesstëm déi Gréng dann gär hätten an op wéi e Luxus d’Leit da sollen, denen Gréngen hirer Meenung no, verzichten.  An dat wousst den Här Kox net ze soen – ausser grénge Standardpropagandaparolen ass näicht komm. Mee fir ze wëssen dat d’Ressourcen vun eisem Planéit net onendlech sinn brauch keen Mënsch déi Gréng. Dat weees jiddereen, net nëmmen déi aaner Parteien, mee un éichter Plaaz jiddereen den an der Economie op verantwortlecher Plaz sëtzt.

Den Här Kox huet jiddefalls op eng beandrockend Manéier gewisen, dat déi Gréng net zeideg sinn fir iergend eng Form vun Regierungsverantwortung ze droen. Eng Partei ouni dat geréngste Konzept fir d’Entwécklung vun der nationaler Economie an eng Partei déi mol keng Viirstellung dovun huet wéi e Wuesstum si fir dësst Land wëll, bräicht eigentlech mol net mat an d’Wahlen ze goen.

Den Minister Etienne Schneider huet den grousse Mérite fir däitlech gewisen ze hunn, wéi huel déi gréng Parolen sinn! Hei ass den Passage den eigentlech an all Schoul misst gewisen ginn:

 Dofir hei nach eemol d’Fro un déi Gréng : wéivill Prozent Wuesstëm wëllen déi Gréng fir eist Land ? Eng kloer Fro kann dach och eng kloer Aentwert kréien, oder net ?

An, fir och nach e bësschen Propaganda fir déi eege Partei ze maachen, hei ass och nach d’Ried vun der ADR :

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert