Competitivitéit an Quoten

Haut de Moien wor d’Chancegläichheetskommissioun vun der Chamber nees zësummen, eent vun denen surrealisteschsten Gremien am Land. Spéitstens no der Debatt vum 16. Mee iwwer d’Competitivitéit sollt dach jidderengem am Land absolut kloer gi sinn, dat eng vun denen dréngensten Prioritéiten fir eis Economie déi administrativ Vereinfachung ass. Amplaatz ëmmer méi Virschrëften ze decidéieren musse mir eis Entreprisen endlech an engagéiert vun allen iwwerflëssegen Zwäng befreien! Dat Lescht wat si brauchen sinn lo och nach Quoten!

Mee – ausser natierlech der ADR – ass all aner Partei hei am Land am Prinzip ganz quotefrëndlech. D’Madame Andrich an d’Madame Loschetter wëllen anscheinend net nëmmen iwwer déi puer boursecotéiert Entreprisen schwätzen, mee iwwer all Entreprisen hei am Land. Do freeën der sech der bestëmmt ganz vill! D’Feministinnen mengen dat eis Entreprisen  virun allem „Mixitéit“ a Fraequoten bräichten,  d’ADR seet dogéint si brauchen Kompetenz an Fräiheet! Et sinn dach schliisslech d’Entreprisen déi selwer musse wëssen, wen an wat si brauchen an wéi eng Zort Leit dat si wëllen engagéieren – och nach mat an vun  hirem eegene Geld!  Mat wéi engem Recht solle mir Politiker eis do iwwerhaapt amëschen?

Interessant wor och d’Fro no Sanctiounen. Déi Dammen vum CNFL – dem Conseil national des femmes – déi de Moien mat an d’Reunioun invitéiert woren hunn d’Fro no Sanctiounen opgeworf. Ouni Sanctiounen kéint een keng Quoten duerchsetzen an reng finanziell Sanctiounen géngen net duergoen… Doropshin hunn ech gefrot wéi eng Sanctiounen si sech da géngen virstellen. Eng vun denen Dammen huet gemengt et wier ganz efficace wann een eng Gesellschaft kéint opléisen (!). D’Presidentin vum CNFL, eng LSAP-Politikerin, wollt dat awer net well dat zëvill extremistesch wär. Méi moderat géng et hir ëm d’Nouwendegkeet vun der legislativer Verankerung vun engem Code de bonne conduite goen. Den Här  Paul-Henri Meyers vun der CSV huet gemengt dat een méiglechen Wee wär fir Entreprisen déi sech net géngen un d’Quoten halen vun ëffentlechen Soumissiounen auszeschléissen.  Dirigismus an autoritär Naupen wou een hikuckt…

Een Aspekt därf een bei dëser Diskussioun ni vergiessen: lo geet et ëm Fraequoten, mee an e puer Joer kommen dann mat Sëcherheet schonn déi nächst Quotekandidaten. Wen de Prinzip vun der Quot bis eemol akzeptéiert huet, den kënnt net méi doraus raus. Quoten – sou de Moien d’Vertriederinnen vum CNFL – wären en Instrument fir de Mentalitéitswiessel an der Gesellschaft an dofir bräicht et och mol onpopulär Mossnamen. Ech soen, de Stat ass den Dénger vun der Gesellschaft an net hiren mentalitéitsbestëmmenden Patriarch.

Nach een Saz ass mir besonnesch gudd am Gediechtnis hénke bliwwen, well en weist wéi wéineg dat d’Feministinnen um Wuel vum Land interesséiert sinn an wéi mann si sech vun  hirem ideologeschen Denken ofbrénge loossen. Hei ass en:

„Mir sinn eis bewosst, dat mir an enger economesch schwéierer Zäit sinn, mee dat Eent huet mat dem Aneren näicht ze dinn.“

Wen hat gesot, dat d’Fraen kéinten vernetzt denken? Fir Feministinnen gëllt dat mol net.

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert