Multi-Kulti Lektioun 3: D’Fraen an d’Meedercher am Islam

An eise westleche Länner hunn d’Fraen hautzudaags déi selwecht Rechten a Flichten wéi d’Männer. Et gëtt keng gesetzlech Diskriminéierung, ausser héchstens enger „positiver“ Diskriminéierung, déi dann op Käschten vun de Männer an Jongen fonctionnéiert.  Ech selwer sinn och en Unhänger vun der Gläichberechtegung vun der Fra an  refuséieren all Form vun Diskriminéierung, allerdéngs inklusiv där sougenannter  „positiver“ Diskriminéierung. Fir mech heescht  „Gläichberechtegung“ eng Chancegläichheet als Ausgangspositioun an net eng Gläichheet „dans les faits“ déi vum Stat misst garantéiert ginn.

Ech halen et fir extrem wichteg, dat déi Moslem déi an de westleche Länner wëlle liewen déi selwecht Astellung hunn an eis Wäertvirstellungen an dem Beräich iwwerhuelen. Et därf keng Bierger vun éichter an zweeter Kategorie ginn, mee jiddereen, ob Mann oder Fra,  muss virum Gesetz gläich sinn.

Niewent denen legalen Aspekter vun der Gläichberechtegung, gëtt et och gesellschaftlech oder sozial Phänomena ouni gesetzlech Basis déi d’Situatioun vun de Fraen eventuell kënnen negativ beaflossen, inklusiv am Islam.

Dozou gehéieren zum Beispill déi sougenannten „Eieremuerden“ déi an islamesche Communautéiten zwar heefeg virkommen, awer anscheinend nëmmen op den Traditiounen berouen. Aanecht wéi an de Medien duergestallt, sinn vun den Eieremuerden allerdéngs net nëmmen Fraen an Meedercher mee och Männer an Jongen betraff. Den Artikel hei gëtt en éichten Abléck an den Phänomen, ech halen en awer trotzdem net an allen Deeler fir besonnech gutt.

http://de.wikipedia.org/wiki/Ehrenmord

En aneren Phänomen an islamesche Gesellschaften , dem vum Bestueden vun klénge Meedercher, däerft et am Prinzip bei eis net ginn, well den legalen Alter fir e Bestietnis op 18 Joer – fir Männer a Fraen – festgeluecht gouf. Wéi et awer mat der Unerkennung vun Bestietnisser mat klenge Meedercher , déi am Ausland gemaach goufen, ass, wees ech net. Do misst ech vläicht mol eng Question parlementaire stellen. Jiddefalls därf et net méiglech sinn, dat e Mann den zu Lëtzebuerg wunnt an d’Ausland fiert fir dou e Kand ze bestueden an dann mat dem als seng „Fra“ rëm ze kommen.

Och d’Polygamie ass e Problem. Perséinlech mengen ech, dat mir hei am Land nëmmen eng Fra als Famiiljemember sollen unerkennen. Déi Gréng hunn dozou keng kloer Positioun. Ech hat den Här Bausch an der Chamber gefrot, wat déi Gréng zu dem Thema ze soen hunn, mee en huet mir keng Aentwert ginn. D’Piraten sinn allerdéngs kloer fir d’Polygamie.

Ech sinn e Géigner vun der Burqa, vun där ech mengen dat si an eiser Gesellschaft näicht verluer huet.

Och misst dat legalt Emfeld an de Kliniken an bei den Dokteren iwwerpréift ginn, fir ze garantéieren dat all Fra ënner allen Emstänn kann komplett ënnersicht ginn an all Behandlung kann kréien déi si medizinesch brauch.

Gewëssen islamesch Scheedungsgewunnechten, wéi zum Beispill d’Repudiatioun kënne mir bei eis net gëlle loossen. Dowéinst ass et och wichteg, dat islamesch Koppelen bei eis zivil, no eisem Gesetz bestued sinn. Op déi Manéier hunn déi zwee Partner Rechter a Flichten. Bei enger Scheedung iwwer SMS ass dat gewéinlech net de Fall… Dat zivilt Bestiednis misst och weiderhinn virun dem reliéisen sinn. Déi Bestëmmung aus onser Verfaassung sollte mir net fale loossen, well si e wichtege Bäitrag géint d’Entstoen vu Parallelgesellschaften duerstellt.

Ech sinn och der Iwwerzeegung, dat d’Meedercher an de Schoulen beim Sportunterrecht an am Biologieunterrecht mussen präsent sinn, onofhängeg vun hirer Relioun. Dat gëllt ausdrécklech och fir de Sexualunterrecht.  Den soll sech awer drop beschränken fir d’Kanner opzeklären, dat allerdéngs objektiv a komplett. Et ass a mengen An net d’Zil vun engem Sexualunterrecht fir d’Ofdreiwung ze bagatelliséieren oder Reklamm fir ethesch inakzeptabel  Reproduktiounstechniken (GPA/PMA) am Interessi vun homosexuellen Koppelen ze maachen.

Et ass eng Freed ze gesinn, dat och an den islamesche Länner d’Fraen haut ëmmer méi Selwerbewosstsinn hunn an dat och weisen. Dat hei ass e flott Beispill:

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert