Multi-Kulti Lektioun 4: aner Problemer am Zësummeliewen mam Islam

Eis Multi-Kulti Dreemerten vum lénke Bord maachen jo ganz gär sou, als geng et keng Problemer am Zësummeliewen mam Islam ginn. Fir si ass d’Uschwätzen an d’Diskussioun vu Spannungsfelder schonn « Islamophobie ». Dat ass eng verantwortungslos a feig Positioun, déi doranner besteet d’An zouzemaachen an iwwer d’Problemer net ze schwätzen. Zum Deel kënnt déi Haltung einfach dohir, well déi lénk Parteien sech bei där Diskussioun dauernd an logesche  Widdersprëch verfänken. Engersäits behaapten si fir d’Fraerechter ze sinn an dann wëllen si gläichzäiteg eng Multi-Kulti-Gesellschaft. Dat geet awer net sou einfach. Si wëllen awer natierlech och d’Stëmmen vun den auslänneschen Muslimen bei de Chamberwahlen vun 2019 an dowéinst hir Wahlchancen net a Gefor bréngen. Dat ass déi gréng Moral bei de Fraerechter: léiwer eng Burqa wéi zwou Stëmme manner.

Niewent denen Problemer déi ech schonnn ugeschwat hunn, wéi zum Beispill d’Integratiounsbereetschaft op der Basis vun eise Wäerter an eise Gesetzer, de Respekt virun der Reliounsfräiheet, d’Rechter vun der Fraen an de Meedercher, stellen sech nach eng ganz Rei vun anere Froen. Hei ass mol eng éicht Auswiel, et gëtt der awer bestëmmt nach un déi ech grad net denken:

  1. D’Beschneidung

D’Beschneidung vun de Jongen an de Meedercher ass eng Kierperverletzung.

Bei de Jongen sinn ech awer gespréichsbereet, an zwar well et déi Beschneidung och an der jüdescher Relioun gëtt an well déi Relioun e konstitutivt Element vun eiser eegener Gesellschaft a Kultur ass. Do misst een verschidde Modeller diskutéieren an e modus vivendi fannen, den dann och fir den Islam geng gëllen.

Bei de Meedercher ass d’Excisioun eng schwéier Kierperverletzung iwwer déi et keng Diskussioun gëtt. Et handelt sech ëm e Brauch, den natierlech net mam Islam direkt zësummenhängt, den awer vill an islameschen Regiounen praktizéiert gëtt.

http://fr.wikipedia.org/wiki/Excision

Fir mech, sinn Persounen déi eng Excisioun bei engem mannerjähregen Meedchen  virhuele loossen oder si aktiv maachen oder dobäi hëllefen oder si net verhënneren, stroofffälleg a gehéieren an de Prisong. Sollten si déi lëtzebuerger Nationalitéit net hunn, sollen si no hirer Stroof ausgewise ginn.

2. Reliounsunterrecht

Ech si fir en islameschen Reliounsunterrecht an der ëffentlecher Schoul an ënner staatlecher Kontroll.

3. Minaretter an Moscheeën

Ech si fir d’Präsenz vu Moscheeën hei am Land fir de Muslimen déi fräi Ausübung vun hirem Glaawen ze erlaaben.  Wat d’Minaretten ugeet, denken ech dat si net an eis gewuessen Kulturlandschaft passen an ech sinn dowéinst  géint dat architektonecht Element bei enger Moschee. Ech vertrieden do déi Positioun déi och an der Schwäiz applicabel ass.

4. Baartflicht fir Männer

Ech sinn géint eng Baartflicht fir Männer. Wen probéiert aneren sou eng Flicht opzezwéngen soll sech strooffälleg maachen.

5. Haasspriedeger

Mir mussen d’Priedegten an de Moscheeën kontrolléieren, genee sou wéi den islameschen Unterrecht baussent der ëffentlecher Schoul. Leit déi Haass a Gewalt priedegen gewannen fir t’éicht e Billjee op Schraasseg an dann een an d’Ausland.

Hei ass e bekannten ägypteschen, salafisteschen Kleriker:

Oder den hei Reportage vu CNN:

6. Shari’ah

Mir mussen uecht ginn, dat et hei am Land keng islamesch parallel Geriichtsbarkeet gëtt, wéi an England oder wéi se och lues a lues an aneren westleche Staaten entsteet. Bei eis däerf et nëmmen eis offiziell Geriichter ginn

7. Rechter vun den Déieren

Dat ass och e Problem un dem senger Léisung och déi jüdesch Communautéit muss mat schaffen. Ech sinn jiddefalls dogéint dat Déieren leide mussen. Dat gëllt allerdéngs och fi reis Schluechthaiser mat denen mir eis dacks net kënne bretzen goen.

Wéi gesot, et gëtt där Froen bestëmmt nach, mee et huet keen Wäert fir net oppen doriwwer ze schwätzen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert