President vum Europäesche Parlament géint Meenungsfräiheet

Op der Spaweckssäit vum Här Martin Schulz steet en Artikel an dem hien sech fir e „länderübergreifenden“ „Kampf gegen rechts“ ausschwätzt.

http://www.martin-schulz.info/index.php?link=4&bereich=1&details=1&id=1108

Den Här Schulz schéngt e bësschen verkierzt ze denken, well op enger Konferenz géint Rietsextremismus stellt hien déi Fro „Wie kommen wir an die Islamophoben, Homophoben heran?“ Tja, wéi dann wuel? Duerch e puer nei EU-Maulkuerfgesetzer huelen ech mol un. Hannergedanken ass wahrscheinlech, dat all kritesch Stëmmen sollen ënnerdréckt ginn. Den Artikel huet ëmmerhin den programmateschen Titel: „Martin Schulz warnt vor Anti-EU-Hetze„. Wann den Här Schulz net mat dem Artikel d’accord wär, hätt hien en wuel kaum onkommentéiert op seng Spaweckssäit gesat.

Dat ech mam Här Schulz net averstaanen sinn, versteet sech vun alléng. Ech gehéieren zu denen déi fir Meenungsfräiheet antrieden an sou Möchtegerndiktatoren wéi den Här Sozialist Schulz, fréiere Buergermeeschter vun der Stad Würselen, fir onwürdeg halen, President vum Europaparlament ze sinn. Wou fängt d'“Anti-EU-Hetze“ dann un? Ass all Kritik un der helleger Kommissioun an dem hellegen Europaparlament well  verbueden?

An wat ass en „Islamophoben“ an en „Homophoben“? Ass een „homophob“ wann een géint d’Homosexuellebestietnis ass? Dann sinn d’EU-Prisongen awer geschwënn gutt gefëllt! Ech freeë mech och schonn op meng Zell.

An wéi geet den Här Schulz mam Problem vun denen islameschen Homophoben ëm?

Hei hunn mir sou een. Gutt fir de Mann, dat en net an Europa wunnt an net dem Här Schulz an d’Gräpp fällt!

Et gëtt natierlech ganz vill Diskussiounen iwwer d’Homosexualitéit an den Islam. Déi meecht sinn net besonnesch homophil. Do kann jiddereen um Spaweck wullen sou vill e wëll .

Mee och den tierkeschen Premier Erdogan – e Moslem – schéngt enger däitscher Zeitung no ë bësschen „homophob“ ze sinn:

http://www.queer.de/detail.php?article_id=18858

Oder sinn dat ieren homosexuell Islamophoben déi sou eppes behaapten?

Wéi geet den Här Schulz dann mat denen ëm?

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert