D’Piraten haten d’leschte Sonndeg hire Kongress. Op de Fotoen hunn ech 23 präsent Memberen vun 282 gezielt also 8,15%. Dat ass net vill, mee et läit nach an der Norm vun de Parteikongresser zu Lëtzebuerg. Et ass awer objektiv trotzdem net vill, well et no hirer eegener Aschätzung e ganz wichtegen Kongress fir d’Piraten wor, nämlech den wou déi Partei sech sollt hire Wahlprogramm ginn. „Chatten“ an Diskussiounsforen um Spaweck ersetzen do keng Diskussiounen an Ofstëmmungen op engem Kongress. Dat hunn jo déi däitsch Piraten méi wéi eemol erliewt. Do muss also nach nogeschafft ginn.
Däitlech rauskomm sinn nach e puer aner strukturell Nodeeler bei de Piraten. Den éichten ass: si sinn eng een-Mannn-Partei. Wann och wuel nach e puer aner Leit vun hinnen sech an den elektronesche Medien manifestéieren, dann ass awer dobaussen just hire President ë bëssche bekannt. De Verdacht besteet dat d’Piraten zu engem Wahlveräin fir hire President mëssbrauct ginn.
Den zweeten: si hunn am Abléck 7.439 Euro an der Kees. Dat ass keng ideal Ausgangspositioun fir hire Wahlkampf den also bal ganz muss op elektronesch Medien setzen. Dat ass keng onméiglech Aufgab, mee den Ziilpublikum ass awer doduerch op e puer Kategorien vu Matbierger limitéiert. Si kënnen allerdéngs Proteststëmme kréien, déi awer genee sou gutt kënnen un d’Kommunisten oder déi Lénk goen.
Inhaltlech sinn d’Piraten eng Konkurrenz fir Blo, Gréng a Rout. Den Här Clement huet vun enger „däitlech sozial-liberaler Linn“ geschwaat. Do mussen si dann am Wahlkampf kucken, wéi all déi lénk Parteien déi mir hei am Land hunn sech nach vunëneen eenerscheed kréien. Als ADR-Politiker kucken ech där Saach ameséiert no.
Politesch halen ech d’Piraten fir extrem onräif. Verbal bréngt hire President et fäerdeg um Kongress ze erklären, hir Zil wär et sech an engem Joer gutt ze „besaufen“. Hätten si eis dat dach direkt gesot, d’ADR hätt hinnen bestëmmt gär 23 „Buddelen“ karibeschen Rum geschenkt an dann hätten si hir nobel, héichgestachen Zil och ouni Kongress an Wahlen liicht erreeche kënnen! Fein wéi mir sinn, hätten mir si och nach allen 23 heem geféiert an an d’Bett geluecht!
Hir Sozialpolitik besteet an engem bedéngungslosen Grondakommes fir jiddereeen (Reboot Schlaraffenland) dat dozou soll dengen, d’Leit fir de Benevolat an fir d’Onofhängegekeet ze begeeschteren. Ech halen dat fir lauter Widdersprech. Wen gär en Akommes hätt fir als Bénévole ze schaffen, den ass jo net méi Bénévole. Ech stelle mir jiddefalls eng – secher noutwendeg – Opwäertung vum Benevolat anecht vir. An och dat bedéngungslost Grondakommes fir de Start an d’Onofhängegkeet ass e Widdersproch u sech. Dat een d’Grënnung vun Entreprisen awer muss ënnerstëtzen, do besteet keen Zweifel. Mee dat muss op engem economesch vertrietbare Wee geschéien, duerch d’Reform vu Gesetzer wéi z.B. dem Faillitegesetz.
De Piraten no soll dat bedéngungslost Grondakommes och de Mëssbrauch vun eise Sozialleeschtungen verhënneren. Dat weist dat d’Piraten Cyber-Humor hunn. Keng Iddi invitéiert nämlech méi zum Mëssbrauch vun der sozialer Solidaritéit an de staatlechen Leeschtungen wéi déi do. Kommt mol aus Aerer Cloud rof, Jongen!
Iwwer d’Finanzéierung vum bedéngungslose Grondakommes – ouni iergend eng Aarbechtsverflichtung! – stellen ech mir och Froen. Ech sinn op déi economesch a steierpolitesch Iwwerleeungen vun de Piraten gespaant!
Am sexuellen an am familljepoliteschen Beräich gëllt weider wat ech op dësem Blog schonn gesot hunn (Artikel Piraten-„moral“). Bei de Piraten gëtt et keng Grenzen an der Dekadenz. Sou onräif wéi si am economesche Beräich sinn, sou verantwortungslos sinn si wann et ëm d’Strukturen vun eiser Gesellschaft an de Schutz vun de Kanner geet. Den Här Professer Manfred Spitzer huet e Buch geschriwwen mam Titel „Digitale Demenz“. Firwat fällt mir den Titel ëmmer nees an, wann ech de Piraten hir Texter iwwer d’Gesellschaftspolitik liesen?
An der Baussepolitik féieren de Piraten hir Viirstellungen zu enger Annihiléierung vun all Lëtzebuerger Aflossméiglechkeet an Europa. De „Reboot Luxembourg“ gëtt zum „Dissolve Luxembourg“ an zum „Forget Luxembourg“. Hei ginn d’Piraten hirem Numm mol eng Kéier wierklech gerecht!
Hei ass den vu mir kommentéierten Piraten-Text:
„Op der europäescher Bühn ënnersträichen d’Piraten d’Wichtegkeet vum europäesche Projet – Grenze mussen der Vergaangenheet ugehéieren! (Kommentar: Adieu Grand-Duché de Luxembourg – Push „Delete“).
(…) Kritesch steet d’Piratepartei dem demokrateschen Defizit vun der EU entgéint: dofir muss d’EU-Parlament en Initiativrecht kréien (Kommentar: wou Lëtzebuerg am Abléck grad nach 6 Deputéierten an net vill Frënn huet – eng geféierlech Iddi!),
, de Conseil européen op laang Siicht entmuecht ginn (Kommentar1: also keng Decisiounsméiglechkeeten méi vu lëtzebuergeschen Regierungsmemberen, déi nach kéinten vun der Chamber kontrolléiert ginn. D’Piraten soen si wären géint den „demokrateschen Defizit vun der EU“ an ginn en dann gläich nach däitlech verschäerfen! – Kommentar 2: dat heescht och, dat néierens an Europa déi lëtzebuergech Interessen nach kënnen vertrueden ginn. Do sinn d’Piraten sech wéinstens konsequent, wen keng Grenze wëll, den brauch jo och keng national Interessen méi ze vertrieden. )
an d’Wahlbezierker bei EU Wahle reforméiert ginn, sou dass de Prinzip “eng Persoun – eng Stëmm” respektéiert gëtt. (Kommentar: wat dann nach e Maximum vun engem (1) lëtzebuergeschen Europadeputéierten gëtt, oder besser gesot een aus eiser Géigend wëll e „Wahlbezierk“ Lëtzebuerg gëtt et jo dann och net méi, well d’Grenzen jo solle verschwannen.)
D’Piraten wëllen also eis Land opléisen. Wat fir eng Partei!! Déi huet eis wierklech nach gefeelt.