Intoleranz géint d’Chrëschten

Vill Leit, besonnech d’Politiker vun denen lénken Parteien, schwätzen sou gär iwwer d’Intoleranz géintiwwer alle méiglechen Gruppen an Grippercher. Aktuell „in“ sinn Homophobie, Islamophobie an de Mangel un Respekt géintiwwer Transgendergruppen. D’ASTI an de CLAE probéieren d’Lëtzebuerger ze iwwerzeegen dat si Rassisten wären an de Conseil national des femmes huet hautzudags sou Problemer wéi Quoten fir eng winzeg Minoritéit vu Fraen an de Verwaltungsréit vun den Entreprisen, woubäi si wahrscheinlech hoffen fir sech selwer kënnen dohinn ze promovéieren. Qualifikatioun ass jo bekanntlech Niewesaach, soulaang d’Chance vun der weiblecher Gebuert Argument genuch ass.

Net geschwat gëtt awer iwwer eng aner Diskriminéierung déi an eise westleche Gesellschaften, wéi och soss op der Welt, leider ëmmer méi staark gëtt: déi géint d’Chrëschten.

Dowéinst well ech haut d’Aarbect vun der Madame Dr Gudrun Kugler ernimmen an luewen:  http://de.wikipedia.org/wiki/Gudrun_Veronika_Kugler

D’Madame Kugler ass zoustänneg fir den „Observatoire fir Intoleranz an Diskriminéierung géint Chrëschten“ vun der OSZE. Hei sinn d’Kontaktadressen vun där Organisatioun:

Observatory on Intolerance and Discrimination against Christians

Möllwaldplatz 5, A-1040 Vienna, Tel: +43 / 1 / 274 98 98,

Observatory@intoleranceagainstchristians.euwww.IntoleranceAgainstChristians.eu

Twitter: OIDACEurope,  Facebook: OIDACEurope, Dr. Gudrun Kugler, mobile number: +43 / 650 / 25 26 30

Den 21. Mee huet d’Madame Kugler op enger Konferenz zu Tirana an Albanien eng Ried iwwer dat Thema gehal.  Gläichzäiteg huet si och e Rapport iwwer d’Diskriminéierung vun de Chrëschten presentéiert.

Chrëschten, déi sech wëllen zu hirem Glaawen bekennen an Glaawensinhalter och an der Effentlechkeet vertrieden ginn an West-Europa ëmmer méi diskriminéiert oder souguer  verfollegt. Beispiller huet d’Madame Kugler  der gläich eng ganz Rei bruecht. Déi concernéieren Beräicher wéi zum Beispill d’Droen vun reliéisen Symboler, d’Ethik an der Medizin, Déngschtleeschtungen déi gleeweg Chrëschten refuséieren, Agrëffer an déi elterlech Autoritéit, mee och de Vandalismus géint d’Kierchen.  Besonnech Suergen mecht och d’Aschränkung vun der Meenungs- a vun der Riedfräiheet. Sou kréien Chrëschten dacks Schwiiregkeeten mat der Justiz déi nach soen dat eng gelieften Homosexualitéit hirem Glawen no eng Sënn ass.

Gëschter hunn ech nach op dësem Blog de President vum Europaparlament kritiséiert, den wahrscheinlech drunn denkt nei libertizid Gesetzer anzeféieren, fir d’Kritik un der EU, Homophobie an Islamophobie ze verbidden. Alles dat geng natierlech och nees d’Riedfräiheet vun de Chrëschten aschränken. Ech stellen mech jiddefalls géint sou Entwécklungen a stellen dëse Blog selbstverständlech och chrëschtleche Meenungen zur Vrfügung.

Hei ass der Madame Kugler hir Ried:

http://www.intoleranceagainstchristians.eu/fileadmin/user_upload/Keynote_at_OSCE__Tirana__Session_2__May_21__by_Dr_Gudrun_Kugler_01.pdf

An hei ass de Rapport:

http://www.intoleranceagainstchristians.eu/publications/legal-restrictions-affecting-christians-report-2012.html

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Grondsätzleches, Politik, Relioun veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert