Nach eemol e puer perséinlech Wierder zum Thema Geheimdéngscht

Well e puer Leit lo Theorien an d’Welt setzen fir meng Eier ze beschmotzen an hehaapten ech wär vum Här Juncker an d’ADR ageschleist ginn fir d’ADR futti ze maachen, hei e puer Präzisiounen. Gleewen kann jo souwisou jiddereen wat e wëll.

1. Ech wor nom Enn vum Kaale Krich net méi fir de Geheimdéngscht aktiv. Dat wor ëm 1989 oder 1990, haut si mir am Joer 2013. Déi lecht Chamberwalen woren am Joer 2009 – also ongeféier 19 bis 20 (!)  Joer nom Enn vu menger Aarbecht fir de Geheimdéngscht.

2. Bis haut hunn ech , sou wäit ech mech erënneren , weder mam Här Santer nach mam Här Juncker  iwwer meng Aarbecht vun deemools geschwat. Dat wor eng réng geheimdéngschtintern Geschicht. Ech bedaueren dat si publik gouf, an ech iwwerleeën mir ob ech kann wéinst Verletzung vun der Geheimhaltung  kloen.

3. Am Geheimdéngscht gouf et anscheinend Iwwerleeungen fir mech als Agent ze reaktivéieren. Dovun hunn ech awer näicht gewosst. Ob ech et gemaach hätt, wees ech net. Dat hätt vun der Missioun ofgehaangen. Jiddefalls hätt ech allerhéchstens Auslandsmissiounen gemaach a ganz bestëmmt keng bannepolitesch Missioun.

4. Den Här Juncker ass e Mann den ech fir verschiddener vu senge Qualitéiten respektéieren, mee mat dem ech politesch op ganz ville Punkten absolut net d’accord sinn. Ech geng mech weder vun him nach vun aneren fir iergend eppes manipuléieren oder mëssbrauche lossen.

5. Ech sinn an d’Politik gaangen, well am Joer 2008 probéiert gouf fir mech ze erpressen. Ech sollt mech net méi fir déi gescheeten Pappen asetzen, soss geng ech kuerzfristeg an d’Ausland versat ginn. Den Här Erpresser an séng (ganz héigrangeg) Hannerleit woren awer definitiv un där falscher Adress, well ech loosse mech net erpressen.

6. Ech sinn net an d’ADR ageschleist ginn, mee aus eegener a fräier Decisioun an déi Partei agetratt fir Politik ze maachen. Ech hat domadder e grousse perséinlechen a berufflechen Risiko op mech geholl. An d’Chamber gouf ech 2009 a fräier a geheimer Wahl vum lëtzebuerger Vollék gewielt. Als ADR-President gouf ech mat ganz grousser Majoritéit vun de Memberen a fräier a geheimer Wahl op engem Kongress gewielt. Den Här Juncker huet mir bei där éichter Kéier héchstwahrscheinlech keng Stëmm ginn (dat kann een natierlech nie wëssen :-)), a bei där zweeter Kéier ganz secher net. Ech geng dem Här Juncker  jiddefalls niimools meng Stëmm ginn.

7. Déi Grënn vu mengem Récktrëtt als ADR-President hunn ech op dësem Blog schonn e puer mol ugeschwat. Mir ass et drëm gaangen fir déi sozial Interessen vum Personal vun der Partei an der Fraktioun ze schützen, an engem Kontext wou zwee Deputéierten en ADR-Mandat matgeholl hunn an sech fir onofhängeg erklärt haten oder et maache wollten. Ech halen dat fir en absolut éierenhaften an novollzéibaren Grond fir mäi Récktrëtt. Iwwer déi Eierenhaftegkeet vum Verhalen vun aaneren Protagonisten an denen Wochen hunn ech awer déi allergréissten Zweifel. Dorop wëll ech awer op dëser Plaaz net zréckkommen.

8. Ob ech selwer wëll weider Politik maachen hunn ech nach net decidéiert. Wann ech nach eemol sollt mat an d’Wahlen goen, wär et jo och um Wieler fir dat ze decidéiern an net u mir. Et ass awer och méiglech, dat ech mech decidéieren fir an mäi Beruff zréck ze goen. (Den vum Diplomat natierlech…).

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert