Déi Gréng an d’Friddensbewegung : nëtzlech Idioten fir de KGB an d’Stasi

Fir déi méi jonk Matbierger hei nach e Réckbléck op den Ufank vun den 80er Joeren. Duerch déi massiv Oprëschtung vun der Sowjetunioun mat nuklearen SS-20 Rakéiten, hat d’NATO déi sougenannten „Duebeldecisioun“ geholl, fir iwwer de Wee vun enger eventueller Norëschtung mat Pershing-Rakéiten an Cruise-Missilen d’Sowjetunioun dozou ze kréien fir hir Rakéiten nees ofzebauen.

 

Dat huet natierlech um lénken politesche Bord zu Widderstänn geféiert. Zu engem gudden Deel goufen  déi sougenannten „Friddensbewegungen“ vun denen ëstlechen Geheimdéngschter finanziell a personell ënnerstëtzt a gesteiert. Schlussendlech ass et der Noorëschtung vun der NATO ze verdanken, dat d’Sowjetunioun gezwonge gouf mat enger Oofrëschtung vun den nuklearen Mëttelstreckerakéiten averstaanen ze sinn. Si huet och mat dozou bäigedroen, dat d’Sowjetunioun un hiren economeschen Defizienzen zësummegebrach ass.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert