Spannungen an den 80er Joeren an d’Bommeleeër

D’Bommenattentater an den 80 er Joeren sinn an engem Kontext vun héiger internationaler Spannung geschitt.

An denen leschten Deeg vum Joer 1979 huet d’Sowjetunioun den Afghanistan iwwerfall a besat.

http://de.wikipedia.org/wiki/Sowjetische_Intervention_in_Afghanistan

Hei ass d’Reaktioun vum deemoolegen – vill ze schwaachen – amerikanesche President Jimmy Carter.

Déi Evenementer vun 1979 hunn sech zäitlech gedeckt mat där Diskussioun an Westeuropa ëm eng eventuell nuklear Norëschtung wéinst dem Deploiement vu sowjeteschen, nuklearen  SS-20 Rakéiten déi op Westeuropa geriicht waren.

Vill jonk Leit vun haut hu keng Aanung méi vun denen Fakten a kënnen net méi novollzéien wéi extrem gespaant déi politesch Atmosphär deemols wor. Déi sowjetesch 5. Kolonn am Westen woren natierlech virun allem déi kommunistesch Parteien an déi gréng Mouvementer, repektiv Parteien, déi ëm déi Zäit entstaane sinn.

http://de.wikipedia.org/wiki/F%C3%BCnfte_Kolonne

Niewent denen internationalen Spannungen gouf et och an Europa eng héig Intensitéit vun terroristeschen Akten, besonnech vu lénken Gruppen. Och am Terrorismus gouf et eng Rei vu Relatiounen mam Ostblock.

http://www.focus.de/politik/deutschland/raf/tid-5678/terrorismus_aid_55578.html

An dem komplizéierten Emfeld vun den 80er Joeren – Krich, Terrorismus, ferngesteiert „Friddensbewegungen“ –  wor et eng – sou wäit ech wees onbestridden – Tatsaach, dat d’Lëtzebuerger Regierung d’Verdeedegung vum Land total negligéiert huet. Souwuel d’Arméi wéi och d’Gendarmerie an d’Police haten bei wäitem net genuch Leit a Material fir an iergend enger Kriisesituatioun hiren Aufgaben kënne gerecht ze ginn.

Trotzdem kann ech mir net viirstellen, dat iergendeen an der Force Publique jemools op déi Iddi komm wär fir hei am Land Bommenattentater ze inszenéieren fir d’Effectiver vun de Corpsen an d’Luucht ze drécken. Dat widdersprëcht net nëmmen all militärescher Deontologie – vun de Gesetzer mol guer net ze schwätzen – mee déi international Spannungen an Europa wéi och déi terroristesch Menacen an enger Rei vun europäeschen Staaten woren deemools sou extrem héig, dat wuel keen Offizéier, egal aus wéi engem Corps, zu enger weiderer Destabiliséierung oder Veronsëcherung hätt wëllen bäidroen.

D’Mentalitéit an der Force Publique wor absolut loyal an disziplinéiert – eppes aanecht hunn ech ni gesinn oder erlieft.  Selbstverständlech hunn d’Offizéier sech iwwer déi vill ze schwaach Moyenen opgereegt, mee ech sinn iwwerzeegt dat keen vun hinnen hätt esou en Szenario wëllen duerchzéien wéie en am Abléck vu Verschiddenen an d’Welt gesat gëtt.

De beschte Beweis ass d’Presentatioun  vun denen Attentater – keng politesch Fuerderungen, keen reeëllen oder viirgetäuschten Terrorismus, mee eng Pseudo-Erpressung vun enger Elektrizitéits-Firma. Wann et drëm geet fir politesch Revendicatiounen duerchzesetzen, dann wor dat do eng bosseg Prozedur.

Et gouf menger Iwwerzeegung no hei am Land keng staatlech Struktur oder Unitéit déi mental an der Lag a wëllens gewiecht wär, fir sou Attentater ze organiséieren.  Ech kann mir och net virstellen, dat iergend eng constituéiert Unitéit an iergend engem vun denen dräi Corpsen oder am Geheimdéngscht op sou Methouden zréckgegraff hätt. Ech freeë mech, dat u  kenger vun denen Stay-Behind-Verschwörungstheorien iergend eppes drunn ass.

Als Motiv fir d’Attentater schéngt mir déi Theorie vun enger Erhéigung vun den Effektiver vun der Force Publique net glaafwierdeg ze sinn, obwuel, wat de Fong ugeet, novollzéibar.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert