De Bommeleeërprozess gëtt zur Farce!

Vun Daag zu Daag rutscht dee Prozess ëmmer méi séier eng Pente Richtung Lächerlechkeet rof, an sou lues muss een sech froen ob ën net déi ganz Lëtzebuerger Justiz blous stellt.

Mir sinn jo lo leider schonn dru gewinnt, dat eis all Daag nei Vulgaritéiten ëm d’Oueren fléien. Fréier hu mir Wäert drop geluegt, dat d’Leit héiflech a korrekt mateneen ëmgaange sinn. D’Affekoten woren grouss Hären déi Wäert drop geluegt hunn, d’Sprooch sou respektvoll an elegant ze behandelen wéi d’Prinzipien vum Droit. An haut?

Joerelaang gouf an dëser Saach enquêtéiert an d’Resultat? Zwee Ugeklotener vun denen bal kee Mënsch gleewt (ausser jo anscheinend dem Parquet) dat déi d’Bommeleeër wären. Déi ganz Enquête, wann een de Réquisitoire liest, gesäit amateuristesch aus. Déi berühmte Fro un de Procureur wéi laang dann nach an där Saach soll enquêtéiert soll ginn, déi kritt nach méi Pertinenz wann een dat aarmséilegt Resultat liest.

D’Justiz féiert hire Privatkrich géint d’Police. Si soll sech schummen! Wat huet dee Kampf géint d’Polizeigewerkschaften, wat huet déi systematesch Beleedegung vun integren Offizéier mam Bommeleeëerprozess ze dinn? Iwwerhaapt näicht! D’Offizéier an hir Gewerkschaften sollten sech beim Conseil de l’Ordre vun den Affekoten beschwéieren!

Wen bezillt d’Rechnug vun där juristescher Farce wann net dat ganzt Land? Vun Stay-Behind Theorien, iwwer den Här Colonel Bruck bis zum Gesetz iwwer d’Entrave à la Justice ginn mir mat permanent mat engem Mix vun perfiden Behaaptungen, perversen Gedankenkonstruktiounen,  militärescher Ignoranz, grotesken Verschwörungstheorien  an engem allgemengen idiosyncraseschem Kuddelmuddel iwwerschott, den virun allem weist dat eist Land e moraleschen Neiufank brauch – an eis Justiz ganz offensichtlech mat!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert