Muss d’Justiz reforméiert ginn?

Virun nët all ze laanger Zäit ass de „Groupement des magistrats“ bei déi politesch Parteien gepilgert fir sech géint dee geplangten „Conseil supérieur de la Justice“ ze wieren. Dat ass säi gutt Recht an ech muss soen, datt seng Argumenter rechtsstaatlech absolut fundéiert waren an mech perséinlech iwwerzeegt hunn.

Bei dem Gesetz iwwer d'“Entrave à la Justice“ hunn d’Polizeigewerkschaften näicht aanecht gemaach wéi de „Groupement des magistrats„.  Och si sinn bei déi politesch Parteien gaang an hunn hiren Argumentaire presentéiert. Ech muss soen, dat och déi Argumenter rechtsstaatlech absolut iwwerzeegend woren.

Eng Lobbyaarbecht wéi se de „Groupement des magistrats“ oder d’Polizeigewerkschaften maachen ass net nëmmen absolut legal a legitim, mee si ass e wichtegen a sënnvolle Bäitrag zum gudde Funktionnement vun eisem demokratesche Rechtsstaat.

Dat elo eng Polizeigewerkschaft gefrot gouf si soll hir Dokumenter zur Kontroll engem Geriicht iwwerginn, obschonn déi Häre Reuland a Stebens mol net Member an där Gewerkschaft waren, stéisst un d’Grenzen vum Rechtsstaat. Iwwregens stellen ech gläich nach eemol kloer, an fir all Mëssverständnis ze verhënneren,dat fir mech déi Hären Reuland a Stebens respektabel Perséinlechkeeten sinn.

Déi Reaktioun vun där betraffener Gewerkschaft, der APUC, der „Association professionnelle des Universitaires du Cadre policier„, ass absolut nozevollzéien: wann d’Geriicht gär sou Informatiounen hätt, dann nëmmen um offizielle Wee. Eng Perquisitioun an eng Saisie vun Dokumenter bei enger Gewerkschaft déi awer strictement iwwerhaapt näicht mat der Affär Bommeleeër ze dinn huet, wär an mengen An en extrem grave Fait.

Ech iergeren mech iwwer déi ofschätzend Kommentaren déi um Geriicht iwwer d’Offizéier gemaach ginn. Ech ginn dovun aus, dat d’Offizéier am Duerchschnëtt wäit méi Studien wéi d’Magistraten gemaach hunn, net sou laang Vakanz hunn (d’Magistratur huet d’Schoulvakanzen, d’Offizéier net),  an manner verdéngen (wann ech mech richteg erënneren sinn d’Magistraten déi am héchste bezuelten Staatsbeamten). Dofir hunn d’Offizéier och nach Contrainten an hirem berufflechen Alldag, déi d’Magistraten net hunn.

Ech wonnere mech, dat sou gemaach gëtt, als wären nëmmen déi Hären Reuland a Stebens géint dat Gesetz vun der „Entrave à la Justice“ gewiescht. An der Chamber hunn 13 Deputéierten géint dat Gesetz gestëmmt a 7 hunn sech der enthalen. Dat sinn 20 Deputéiert oder – fir sou ze zielen wéi um Geriicht – 4 Hänn zu 5 Fanger. Dat heescht, dat een Drëttel (!) vun de gewielte Vertrieder vum lëtzebuerger Vollék dat Gesetz NET matgestëmmt hunn.  Ech erwaarde mir, dat den drëtte Pouvoir déi Realitéit am éichte Pouvoir vum Land unerkennt a respektéiert.

Ech hunn lo eng Question parlementaire gestallt, fir déi „Avis juridiques“ iwwer dat Gesetz ze kréien. D’Publicatioun vun denen Avisën weist dann jidderengem hei am Land, dat et éichtklasseg juristesch Argumenter géint den bewossten Paragraph an dem Gesetz iwwer d'“Entrave à la justice“ gëtt.

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert