De Résumé vu 56 Prozessdeeg

Hei mäin perséinleche Résumé vu 56 deieren Prozessdeeg:

Et gëtt nach ëmmer Rumeuren, dat am Sall zwee Ugekloter wären. Firwat déi do sinn ass mir awer net ganz kloer.

Et gouf zwou Stay behind Theorien (Kramer an CIA) iwwer d’Bommeleeër, déi allen zwou schonn doud sinn.

Am Januar 2008 schreift den Här Procureur Biever e Bréif un den Här Minister Frieden an dem hien – fir mech net akzeptabel – Behaaptungen iwwer déi Hären Reuland a Stebens an d’Welt setzt.  Doroppshin verléieren déi zwee héig Beamten hir Funktiounen op eng illegal Manéier.

An dem Bréif schwätzt den Här Biever souguer vun méiglechen Konsequenzen géint déi zwee Hären wann Lëtzebuerg dann ë Gesetz iwwer eng „Entrave à la Justice“ gehat hätt.  Eist Land hat nun awer mol keent. Wahrscheinlech dowéinst proposéiert den Här Biever dann selwer sou en Text, den iwwer en analogen franséichen Text wäit rausgeet.

Déi Initiativ mecht denen Hären Reuland a Stebens – an mengen An – novollzéibar Suergen. Si – virun allem den Här Reuland – informéieren sech iwwer den Text, seng eventuell Retroaktivitéit an méiglech Konsequenzen. Dat hätt ech an hirer Plaz och gemaach. Si notzen hir Rechter als Memberen vun der ACSP fir hir Gewerkschaft op hir Suergen opmierksam ze maachen. Si hoffen, dat de Biever-Saz nach kann aus dem Text nees rausgeholl ginn well si fäerten, den kéint perséinlech géint si dirigéiert sinn. Déi Suerg schéngt mir net mat den Hoer erbäigezunn.

Onofhängeg dovun ass den vum Här Biever proposéiereten Text rechtstaatlech bedenklech.  E puer Polizeigewerkschaften mee och zivil Juristen hunn eechtlesch a gutt motivéiert Suergen. Si intervenéieren bei de politeschen Parteien a warnen si. Um  Text gëtt am Justizministär laang gedoktert an kënnt schliesslech ënner dem Här Minister Biltgen an der Biever-Versioun an d’Chamber. D’Koalitioun stëmmt den Text, d’Oppositioun net.

Et voilä! Ech hoffen ech hunn näicht vergiess. Ah dach: ech verweisen nach op meng Bemierkungen a fréieren Artikelen iwwer de Prozess an déi deplorabel Attitüd vun der Justiz géintiwwer den Offizéier vun der Police.  Ech verweisen och nach op déi Lëscht vun institutionellen a rechtsstaatleche Problemer déi dëse Prozess – a mengen An meeschtens  vollkommen onnéideg – an eisem Staat veruersaacht huet.

Wéi all aner Beamten och hunn den Här Procureur an d’Madame Untersuchungsriichter sech misser dofir asetzen fir déi néideg Moyenën fir hir Aarbecht ze kréien. Wéi all aneren Beamten och kruuten si geleeëntlech Froen vun hirem Minister iwwer hir Progrèsën gestallt – wéi ech fannen op eng fein Manéier an ouni Obligatioun géintiwwer engem Viirgesetzten.

Wen d’Bommeleeër sinn wees nach ëmmer keen.

E formidabelt Resultat!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert