PID: eng nei Partei „ad personam“

Gär schreiwen ech net iwwer dem Jang Colombera seng nei Partei. Ze einfach ass de Reproche, dat ech mech wëll un engem Mënsch revanchéieren, den mir an der ADR en Ultimatum gestallt hat nodeems ën de Parteiprogramm verleegent hat, fir dann, no méngem Récktrëtt awer sénger Wee ze goen. Dee Mann huet säi Wuert géintiwwer dem Wieler eemol an bannent der Partei an nëmmen e puer Deeg gläich zweemol gebrach. Meng Astellung zu him ass domat wuel kloer.

Ech erënneren och drunn, dat déi Gréng hien zwar geholl hätten, mee ouni säi politescht Mandat, dat hien dann hätt missen der ADR zréck ginn.  Den Här Colombera schéngt also ganz gär an der Chamber ze sinn. Wahrscheinlech nëmmen well ech do säi Noper sinn.

Mee wat ass d’PID? Menger Meenung no net méi wéi e Versuch vum Här Colombera fir dach nach kënnen an der Chamber ze bleiwen. Ech huelen un, dat hien am Norden, wou hien virun allem mat ADR-Lëschtestëmmen gewielt gouf,  probéiert eng eege Lëscht opzestellen. Chancen ginn ech him keng, mee e kann natierlech anere Parteien, virun allem och der ADR, e puer Stëmmen wech huelen. Ob dat duer geet fir der ADR hire Sëtz am Norden a Gefor ze bréngen, kann ech net ofschätzen. Ech gleewen dat awer éichter net.

Den Dr. Colombera steet a villen Froen ganz wäit lénks. Hien ass militant anti-amerikanesch, anti-kapitalistesch, zënter e puer Méint vehement fir d’Ofdreiwung an huet souguer verlaangt, dat de Staat iwwerhaapt keng Gesetzer an ethesche Froen däerft hunn.  Säi Programm heescht „integral Demokratie“, mee hien steet u sech fir d’Anarchie.  An dem Sënn, denken ech, datt en sech hätt sollen mat e puer radikal-Lénken an ex-Gréngen zësummen dinn an eng anarchistesch Lëscht presentéieren. An d’ADR huet hien eigentlich nie gepasst an d’Partei ass duerch säin Départ ganz secher méi gëeent an méi kohärent ginn.

Seng Iddi fir d’Ministerposten proportional zu hirem Wahlresultat ënner alle Parteien an der Chamber ze verdeelen, géng de facto heeschen, dat et bal keng Oppositioun méi an der Chamber géif ginn. Amplaatz Demokratie (integral) ze schaafen, geng déi do Iddi also drop rauslaafen fir d’Demokratie ofzeschafen. E Colombera – Parlament ass e Parlament ouni Oppositioun, eent wat eng Regierung zwar stäipt mee si net méi kontrolléiert.

An de Recht vum PID-„Programm“? E Sammelsurium vu Schlagwierder „physisch-materiell/sozial-gesellschaftlich/psychologisch/seelisch/geistig-spirituell„. Eng Partei fir den Engel Albert.

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert