LSAP: Lëschtege Sträit An der Partei

D’LSAP ass dach ëmmer do wann et gëllt de Lëtzebuerger liewege Cabaret ze bidden. Vun dëser Plaatz en häerzlech Merci un d'“Kroden an d’Krodinnen“!

Meeschtens ass et den Här Asselborn, den mat wonnerbarem Däitsch („reich mir mal den Bengel“ – an dat wor keng pädophil Bemierkung!) oder profunden politeschen Analysen („die haben sehr, sehr viel Mist gebaut„) d’Lëtzebuerger un d’Provinzialitéit vun hirer Regierung erënnert.

Déi Kéier awer gesi mir en aneren Phänomen. Déi eenzel Parteideeler vun der Lëtzebuerger Sträitpartei zéien dem Här Asselborn et consorts den bequemen Ministerstull ënner dem Allerwäertesten wech.

Am Abléck ass et déi Escher Sectioun déi duerch d’Blumm Neiwalen fuerdert:

http://download.rtl.lu/2013/06/30/21a99c7c731e7c0bfecc41419da5080e.pdf

An virun e puer Deeg woren et nach d’Jongsozialisten déi dë Récktrëtt vum Minister Frieden wollten. An dat wollten d’LSAP-Bonzen jo bekanntlech absolut a guer net.

http://www.jsl.lu/?p=1540

Wéi eng Sectioun kënnt als Nächst?

Iergendwéi schéngt d’Basis vun der LSAP ze spieren, dat d’Parteipëtzt amgaangen ass, den allerlëschte Recht vu Glaafwierdegkeet ze verspillen. Dat huet d’LSAP allerdéngs  schonn bei der Index-Debatt gemaach, et ass also näicht Neits.

Just an eppes sinn d’Sozialisten wierklech absolut déi Bescht: am Emfalen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Kommentare zu LSAP: Lëschtege Sträit An der Partei

  1. Pascal sagt:

    Herr Kartheiser, dier an den ADR sitt vlait net an der Positioun sech iwwer Streidereien an aneren Parteien leschteg ze maachen. Dat kann jo keen eescht huelen!

  2. Heng sagt:

    Et ka keen eescht huelen, wat alles un Dommheeten a falschen Informatiounen iwwert d’ADR an den Här Kartheiser verzaapt gi sin a gin! D’ADR an hire fréiere Präsident sti ganz propper do, déi déi am Onrecht sin an all Credibilitéit verluer hun (wa se der alt haten), sin déi, déi kee kann eescht huelen, well déi sëtzen ëmmer nach do. Et kann och kee Medien eescht huelen, déi complett parteiesch sin, also déi meescht hei am Land! An nach vill manner eescht ze huele sin all déi Commentare vu Leit, déi mengen, si keenten a grad esou enger grousser Ignoranz hire Pefferkär dozou (zu deenen Dommheeten) bäidroen!
    An hei nach déi néideg Präzisioun fir esou Leit: ech si Member vu kenger Partei, mee no genuch un hinnen all drun, fir kënnen ze soen: Ce n’est que la vérité qui blesse! Dat hei bleift mäin eenzege Commentar, den Artikel fannen ech nämlech richteg! Am beschten ass et, fir sech fir d’éischt uerdentlech ze informéieren, amplaz blannemännches nozeschwätzen an droplasszeklappen.

  3. Pascal sagt:

    Fakt ass jo awer dat et virun e puer Meint en decken Streit an der ADR gouf. D’ADR sech vun 4 Deputeierten op 2 Deputeierten verklengert huet an eng selleg Membren ausgetrueden sinn. Dat hunn d Medien dach net erfonnt! Do ass dat wat an der LSAP momentan leeft Peanuts dogeint, vue dat se, souweit ech dat gesinn, momentan souwisou sech eenz sinn. Vu dat ech a kenger Parteimember a just un den verschiddenen Stellungsnahmen interesseiert, versichen ech dat neutral ze beurteelen, a kann absolut net novollzeien, wei eng Partei oder Membren vun der Partei, dei sech virun e puer Meint nach selwer auserneen gehol hunn, lo mengen se missten do aneren Parteien Lektiounen erdeelen. An bon, alles op dei Aner an op d Medien ze schieben ka jiddereen. Do geif ech mer e besschen mei Selbstreflexioun a Bescheidenheet wenschen, anstatt just ze pöbelen. Et well mer awer keen erzielen dat d ADR dei perfekt Partei ass an et do guer naischt ze kritiseiren geif ginn. Sou eps gett et neirens an jiddereen deen mer sou eps versicht ze erzielen haalen ech fir net serieux.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert