Gëtt dat sozialistesch Frankräich zu engem repressiven Onrechtsstaat?

Am Kader vun der „Manif pour tous“ géint dat sougenannten Homosexuellen-„Bestietnis“ hat déi franséich Police Gewalt géint friddlech Manifestanten agesat. Dat gouf an der Tëschenzäit och an enger Resolutioun vun der Parlamentarescher Versammlung  vum Europarot zréckbehalen.

http://www.lamanifpourtous.fr/fr/toutes-les-actualites/702-cp-repression-policiere-et-loi-taubira-la-france-rappelee-a-l-ordre

Bis elo hunn ech allerdéngs nëmmen eng „version provisoire“ vun där Resolutioun gesinn.

http://www.assembly.coe.int/ASP/XRef/X2H-DW-XSL.asp?fileid=20002&lang=FR

Hei ass e kuerze Reportage iwwer déi arbiträr Arrestatiounen a Frankräich:

http://www.youtube.com/watch?feature=player_embedded&v=NlY8548-0xU

Besonnech schlëmm ass d’Veruerteelung zu zwee Méint festem Prisong vun engem jonken Manifestant den friddlech fir d’Rechter vun der Famill an de Kanner demonstréiert hat, dem Här Nicolas Bernard Busse:

http://www.kath.net/news/41844

http://www.lamanifpourtous.fr/fr/toute-la-presse/680-la-condamnation-qui-ebranle-la-magistrature

Een franséiche Magistrat huet seng Indignatioun an säi Protest ënner dem Pseudonym Chrétien Guillaume de Malesherbes publizéiert:

http://www.lepoint2.com/pdf/magistrats.pdf

Hei ass eng Referenz op den richtegen Här de Malesherbes:

http://fr.wikipedia.org/wiki/Chr%C3%A9tien_Guillaume_de_Lamoignon_de_Malesherbes

Wéi vill aner Frënn vu Frankräich froen ech mech op déi arbiträr Arrestatiounen déi am  Frankräich geschéien, d’Uwënnung vu Gewalt géint friddlech Demonstranten, déi haart Bestroofung vun op d’mannst engem Manifestant fir d’Famill a fir d’Kannerrechter nach dem Bild entspriechen dat een sech gär vun engem Frankräich mecht, dat fir d’Mënscherechter  riicht steet. Déi sozialistesch Regierung gëtt zu enger Regierung vun der Repressioun.

Eng lénk Regierung ass eng Regierung géint d’Fräiheet an géint d’Mënscherechter! Vive dat fräit Frankräich!

Aktualiséierung:

Den 2.Juli 2013 hunn ech dem Här Asselborn an der Chamber eng Fro iwwer d’Situatioun vun de Mënscherechter a Frankräich gestallt.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert