Bommeleeër: Wéi ass et mat de Mënscherechter?

Mat besonnesch groussem Interessi hunn ech haut de Live-Ticker gelies. Emmerhin kennen ech déi Hären Reuland a Stebens perséinlech an hunn hinnen och schonn op dësem Blog mäi Vertrauen ausgeschwat.

Gär confirméieren ech, datt déi Bemierkung „Ginn ech elo verhaft?* aus dem Mond vum Här Reuland absolut sengem Sënn fir Humor entsprecht. Fir mech wor vun Ufank un kloer, datt dat nëmmen konnt e Witz sinn, sou wéi vill aaner Bemierkungen och iwwer déi sëcher nach an dësem Prozess an denen nächste Méint geschwat gëtt.

Als Bierger vun dësem Land sinn ech awer all Dag méi iwwer eis Justiz entsat. Sollt e Geriicht net neutral sinn? Ech kann absolut verstoen, datt déi Hären Reuland a Stebens sech wéi Ugeklooter viirkommen obschonn si näicht Aanecht sinn wéi respektabel Zeien. Wéi schreift den Här Reuland a senger Requête? Hien hätt sech duerch Kommentaren vum Tribunal gefroot, ob hien net schonn als Ugeklooten géif consideréiert ginn?

http://download.rtl.lu/2013/07/01/52037c6988e6d59008391e0426272c42.pdf?=1

Ech froe mech, ob dat net schonn duer geet fir déi ganz Prozedur an enger anerer Instanz ze annuléieren. Mee dat sollen méi gescheit Leit wéi ech beuerteelen.

An dann nach eemol: et ass all Bierger säi gutt an elementart Recht fir sech fir e Projet de loi ze interesséieren an dorop wëllen Afloss ze huelen. Mir liewen hei net an der Sowjetunioun, mee an enger fräier Demokratie. Ob déi Tatsaach eiser Justiz awer scho genuch bekannt ass, woen ech an der Tëschenzäit ze bezweifelen.

Dowéinst hei e puer Auszich aus internatioonalen Texter, déi an dësem Zësummenhank net oninteressant sinn:

Hei d’Déclaration universelle des droits de l’Homme:

Article 19

Tout individu a droit à la liberté d’opinion et d’expression, ce qui  implique le droit de ne pas être inquiété pour ses opinions et celui de  chercher, de recevoir et de répandre, sans considérations de frontières, les  informations et les idées par quelque moyen d’expression que ce soit.“

Oder den Artikel 10 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun:

„Toute personne a droit à la liberté d’expression. Ce droit comprend la liberté d’opinion et la liberté de recevoir ou de communiquer des informations ou des idées sans qu’il puisse y avoir ingérence des autorités publiques (…)“.

An wat geschitt zu Lëtzebuerg?

Die Richterin hatte ihn gefragt, ob er sich etwas vorzuwerfen habe, da er sich so für dieses Gesetz interessiert habe.“ (!)

An wéi ass et mam Respekt vun de gewerkschaftleche Rechter? De „Pacte international des droits économiques, sociaux et culturels“ stipuléiert zum Beispill dat hei:

Article 8

1. Les Etats parties au présent Pacte s’engagent à assurer:

a) Le droit qu’a toute personne de former avec d’autres des syndicats et de s’affilier au syndicat de son choix, sous la seule réserve des règles fixées par l’organisation intéressée, en vue de favoriser et de protéger ses intérêts économiques et sociaux. L’exercice de ce droit ne peut faire l’objet que des seules restrictions prévues par la loi et qui constituent des mesures nécessaires, dans une société démocratique, dans l’intérêt de la sécurité nationale ou de l’ordre public, ou pour protéger les droits et les libertés d’autrui.

b) (…)

c) Le droit qu’ont les syndicats d’exercer librement leur activité, sans limitations autres que celles qui sont prévues par la loi et qui constituent des mesures nécessaires, dans une société démocratique, dans l’intérêt de la sécurité nationale ou de l’ordre public, ou pour protéger les droits et les libertés d’autrui.“

Als Politiker bahalen ech mir jiddefalls dat Recht vir, fir international Instanzen unzeschreiwen  fir si op eventuell Verletzungen vun der Meenungsfräiheet an der gewerkschaftlecher Fräiheet hei am Land opmierksam ze maachen. Ech si gespaant op dat wat nach alles kënnt.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert