Multi-Kulti fonctionnéiert och net bei dene Gréngen!

Multi-Kulti ass jo sou e schéint politesch Schlagwuert! An der Praxis heescht Multi-Kulti, datt mir all sou onheeeemlech, schrecklech super-tolerant solle sinn, datt  mir d’Waerter vun eiser eegener Gesellschaft solle verleegnen oder op d’mannst grëndlech vergiessen, an dofir awer all aner Kulturen an Iwwerzeegungen mat oppenen Aerm mussen akzeptéieren. Schliesslech sinn si all gläich vill wäert, all gläich gutt, all gläich wonnerbar, ausser eiser eegener natierlech. Iergend eppes bei aneren hannerfroen ass definitiv onerwënscht well intolerant, rassistesch, xenophob, diskriminatoresch, kolonialistesch, ausbeuteresch an souwisou arrogant. Fir eis westlech, jüdesch-chrëschtlech an dobäi och nach patriarchalesch-kapitalistesch  Kultur a Gesellschaft kënnen, jo mussen mir eis awer kräfteg schummen.

Emgekéiert gëllt: déi aner Kulturen brauchen eis net ze respektéieren, well schliisslech gouf et mol europäesch Kolonien an mir sinn ausserdem ëmwelt- a klimafeindlech Kapitalisten déi och mol en Hamburger bei McDonalds iessen. Fuerchtbar!

D’Championen vum Multi-Kulti sinn selbstverständlech déi Gréng. Dowéinst mecht et mir ëmmer besonnech vill Spaass fir ze gesinn, wann déi Gréng sech an hirer eegener Logik verfénken. Wien seet Politik wär net witzeg?

Hei e rezent Beispill aus Eisträich. Gréng Muslimen sinn net fir d’Homo-„Bestietnis“ an dowéinst kommen se lo virun déi gréng Inquisitioun. Schued, datt et keng Kaarten  fir de Prozess gëtt. „Déi konservativ Säit“ hätt gär e puer Plaatzen ënnert hire Lieser verloust!

http://diepresse.com/home/politik/innenpolitik/1424713/Tiroler-Gruene_Gegner-der-HomoEhe-im-Gemeinderat?from=gl.home_politik

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert