Diskriminéierung vun der Fra – eemol aanecht

Wéi eng Fraen ginn haut, wann iwwerhaapt, hei am Westen nach diskriminéiert? Dat ass natierlech eng laang Diskussioun, mee zu där ech hei e ganz interessante Bäitrag fonnt hunn.

Ass et net déi Fra déi sech als Zil setzt fir zësummen mat engem Mann eng Famill ze grënnen an fir déi si wëll déi ganz Zäit iwwer do sinn, déi haut am meeschte kritiséiert an diskriminéiert gëtt? Weist sech an der Roserei géint déi Fraen, déi gär eng traditionnell Famill hätten, net dee ganze Fanatismus vum Feminismus am däitlechsten? 

http://www.kath.net/news/41901

Ech gesinn mäin politeschen Engagement och als e Plaidoyer fir eng Opwärtung vun der Famill, an déi besteet aus heterosexuellen Elteren mat Kanner.

Dat heescht net, dat een aner Liewenssituatiounen, wéi z.B. gescheed oder alléngerzéiend,  net kéint verstoen an och déi Leit, déi an sou Situatiounen sinn, net wéilt sou gutt wéi et nëmme geet ënnerstëtzen. Si hunn et jo och dacks besonnech schwéier.

Mee et heescht awer, dat den traditionelle Familljemodell op kee Fall därf géintiwwer aneren Situatiounen benodeelegt ginn . Sou wäit et mech ugeet gëllt weider den klore politeschen Optrag vum Schutz an der Förderung vun der Famill als Kärzell vun eiser Gesellschaft.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert