Zwee Journalisten an een Affekot…

… dreiwen zënter Méint dat ganz Land virun sech hir. De Schued den dësst Land vun dem Bommeleeërprozess erleid, ass am Abléck nach net ofzeschätzen. Et mengt een bal verschidde Leit hätten eng Heedefreed drunn, d’Vertrauen vun de Leit an d’Institutiounen systematesch ze ënnergruewen. Ob d’Monarchie, d’Regierung, d’Armée, d’Police, egal, tout le monde y passe, jiddereen gëtt verdächtegt, méiglechst global, an och gär ouni all Beweis.

En neien Déifpunkt am Journalismus gouf dëss Woch am Prozess erreecht, nodeems ën RTL-Journalist um Radio (RTL Moiens Journal vum 3. Juli 2013) erzielt huet, datt den Här Reuland an d’Portiersloge um Geriicht telefonéiere war, „an et freet een sech mat wiem de fréiere Policechef huet missen sou dréngend telefonéieren„?  Ech froen mech do just, wat dat dann RTL ugeet? RTL schéngt dat Wuert „P-R-I-V-A-T-S-P-H-A-E-R“ net méi ze kennen. Souguer mëttes um Geriicht (59. Prozessdag, 3. Juli 2010) koum dësen „Tëschefall“ dunn ganz offiziell zur Sprooch. Kaum ze gleewen, mee traureg Realitéit an dësem Land!

De Biever-Saz am Gesetz iwwer d'“Entrave à la Justice“ ass a mengen An vollkommen inakzeptabel. En Zeien den näicht wees, kann einfach ugeklot ginn eppes ze verheemlechen. Arbtiträr Ennerstellungen, moraleschen Drock, Erpressung fir Falschaussoen ze kréien, alles gëtt domat méiglech, alles gëtt domat wahrscheinlech!  Mir sinn hei net méi am Rechtsstaat mee scho praktesch am George Orwell sengem Thoughtcrime ukomm:

http://en.wikipedia.org/wiki/Thoughtcrime

Dat wat lo mam Här Reuland geschitt, ass net nëmmen eng Oflenkung vum eigentlechen Sujet am Prozess, och net nëmmen e Krich Parquet géint Police mee virun allem e Krich géint de Rechtsstaat. Ech maachen do net mat.

Eiser lëtzebuerger Press schéngen de Fong an d’Portée vun där Problematik awer egal ze sinn. All Zeitungen schreiwen souwisou dat nämlecht iwwer dee Prozess  an kee Journalist traut sech fir d’Behuelen vun der Justiz an dat Gesetz iwwer d’Entrave à la Justice a Fro ze stellen. Ech komme mir vir wéi an engem Land mat enger – wéi déi Däitsch génge soen – „gleichgeschalteter Presse“.

Wat kënnt lo nach alles op eis duer? RTL – den anscheinend eigentleche Riichter an dësem Prozess –  huet et schonn ugekënnegt:

http://replayaudio.newmedia.lu/2013/07/04/829cec9a82d8302342f55cea64a090bf.mp3

Dozou mäi Kommentar:

An d‘ Piste stay-behind eben och guer net envisagéiert ginn ass, Déi grouss – vläit express opgeloosse – Lacune aus deene Joer.“  Kommentar: Bis lo ass nëmme rauskomm dat all Stay behind-Hypothes falsch war (Cello, CIA). Op dësem Blog gëtt et iwwregens och e puer Artikelen zum Thema „Stay behind“.

well en Arméis-Colonel ronderëm d‘ Pylônen zu Beideler gestrach ass,“ – dozou den Artikel „Stroummastentourismus“ op dësem Blog.

well et wahrscheinlech och hei am Land e Sabotage-Volet vum stay-behind gouf, deen enk mam Militär verbandelt war.“ – Ah bon???  Ech hunn ni de près, ni de loin jeemools vun sou engem „Volet“ héieren, den „enk mam Militär verbandelt war„. An ëmmerhin sinn ech Arméioffizéier, wann och net méi am aktiven Déngscht. Vläicht sollt een dee Journalist dann nol froen, wéi hien déi do „Wahrscheinlechkeet“ da begrënnt? Fir mech ass dat do – no mengem modesten Kenntnis- an Erfahrungsstand – réngste, spekulative Blödsinn.

A well ee wierklech net gesäit – och wann ee ganz schlechte Wëlle géingt si hätt – wéi Scheer a Wilmes 20 Attentater an Eegeregie sollen duerchgezunn hunn. Do feelt viru Geriicht eng ganz Kommando-Struktur.“ – Dat ass am Prinzip wouer, och wann ech an dësem Zësummenhank déi Wierder „Kommando-Struktur“ als viirgefaasten Uerteel strikt refuséieren.  Mee dat Argument hätt een sech vläicht schonn sollen iwwerleeën wou d’Enquête nach amgaange wor….

Fir mech bleiwt den Androck: dëse Prozess ass schlecht viirbereed, schlecht geféiert a rechtsstaatlech bedenklech.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert