Positionnéiert d’Madame Reding sech fir eng Carrière heiheem?

Et ass net sou einfach mat der Madame Reding. Hei zu Lëtzebuerg ass d’CSV frou fir si kënnen op Bréissel ze schécken, woubäi dat fir vill vun hiren Partei- „Frënn“ nach däitlech ze no bei Lëtzebuerg läit. 

Zu Bréissel gëtt si awer och ëmmer méi zu enger Laascht fir d’Kommissioun: si fällt gär op, leid net un Modestie an geet gär iwwer hir Kompetenzen raus. Si ass ënner anerem an Frankräich an an Ungarn net terribel populär. Lo gouf si och nach drunn erënnert, dat si net soll an der Madame Ashton hir Kompetenzen agräifen:

http://www.faz.net/aktuell/politik/die-eu-und-die-nsa-eine-uebung-in-diplomatie-12267479.html

Fir de Fall wou dat näicht mat enger EVP-Spëtzekandidatur bei den Europawahlen vun 2014 sollt ginn,  wär awer och vläicht eng mëttelfristeg Juncker-Nofolleg hei zu Lëtzebuerg eng interessant Optioun fir si. Den Bis-elo-Dauphin ass däitlech geschwächt, de Claude Wiseler zwar gutt am Rennen mee hien gëllt éichter als gudde Beamten mat Ministerpai.

De Modell fir een vu baussen ze nennen, den net Deel vum Krabbekuerf heiheem ass, ass eng heefeg gebrauchte Methoud bei der Posteverdeelung. D’Ernennung vun engem Aerzbëschof den aus Japan koum, ass e rezent Beispill.   

Dobäi kënnt, dat de Jean-Claude Juncker sech zwar wahrscheinlech nach eng Zäitchen kéint als Premier halen, mee datt säi Glanz awer staark gelidden huet. Eng roueg Plaatz als lëtzebuergeschen EU-Kommissär fir d’Enn vu senger Carrière wär vläicht eng Méiglechkeet. Dat ëmsou méi, well am Abléck keng aner international Optioun sech ze offréieren schéngt.

Dat eng Plaz als EU-Kommissiounspresident oder als President vum Conseil fir den Här Juncker nach méiglech wär ass ëmmer méi onwahrscheinlech. Dofir huet hien vill ze vill Problemer mat enger Rei  vu wichtege Politiker aus de Memberstaaten. Kënnt et also mëttelfristeg zu engem Tosch Reding-Juncker?

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert