En Artikel fir d’LSAP: Wahlen si keng Kannerbraderie!

D’LSAP ass punkto gesellschaftleche „Fortschrëtt“ einfach net ze bremsen.

Lo ass scho gewosst: mat hir fällt déi zweet Berodung bei der Ofdreiwung.

Mat hir gëtt d’Euthanasie „fir“ behënnert Kanner an Demenzkranker erliichtert. (En Artikel iwwer déi entspriechend Propositiounen vun der Madame Err ass op dësem Blog)

An lo, nodeems déi homosexuell „bestuete“ Koppelen d’Méiglechkeet fir eng „adoption plénière“ solle kréien, kënnt schonn dee nächste Schrëtt – en Adoptiounsrecht fir egal wéi eng net bestuete Koppelen. D’Wuel vum Kand zielt an dësem Staat geschwënn iwwerhaapt näicht méi. Dat eenzegt wat nach zielt sinn déi puer Stëmmen bei Randgruppen déi een nach hofft kënnen zë raafen.

http://www.lsap.lu/lsap_ShowDoc_Mariage-et-adoption-pour-tous.1849-27-2.html

Déi Haaptschold un dëser Entwécklung ginn ech awer der CSV an der lëtzebuerger, kathoulescher Kierch. Doduerch dat si als Stëmmen vum Gewëssen an als Affekoten vun der traditionneller Famill komplett versoen, rutscht dëss Land ëmmer méi an d’Hänn vun Radikalen an diversen Randgruppen déi hir politesch Interessen rücksichtslos duerchsetzen, och op Käschten vun de Kanner.

Lëtzebuerg ass krank. Mir ginn virun allem futti un eisem Manktum u Courage. De Konformismus an dësem Land („Maach wéi d’Leit, da geet et der wéi de Leit“), déi omnipräsent Neo-Religioun vun der „politescher Korrektheet“  an déi fir mech onverständlech Feigheet bei villen déi sech mol net méi trauen hir eege Meenung ze soen sinn d’Zeechen vun enger aler, materiell iwwerfidderter an eigentlech ënnergoender Gesellschaft. Wechkucken an ducken si keng Sportsaarten an enger Gesellschaft déi sech wëll behaapten an sech eng Zukunft opbauen!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert