Dräi Szenarii fir den Här Juncker

D’CSV-Wahlcampagne ass ganz op den Här Juncker opgebaut. Ech denken awer, datt dat en eidelt Verspriechen ass, well ech mir net kann viirstellen, dat den Här Juncker nach laang Premier ass. Hei sinn dräi méiglech Szenarii:

Szenario 1: d’CSV geet an d’Oppositioun.

An dem Fall kann ech mir net viirstellen, dat den Här Juncker geng eng Oppositiounsroll spillen. 

Szenario 2: den Här Juncker gëtt nees Premier a wëll dat och bleiwen.

Ech huelen un, dat seng Partei e manner gutt Resultat mecht wéi 2009. Ech ginn och dovun aus, datt trotz aller Propaganda säi perséinlech Resultat net méi sou gutt gëtt. 

An dem Fall, wees hien dat e Renouveau iwwerfälleg ass.  Dobäi kënnt, datt hien  1954 gebuer ass, an hien no de Wahlen 59 Joer al gëtt. Falls hien nach geng 5 Joer bleiwen, da wär en um Enn vun senger Mandatsperiod 64 Joer al. Dat ass den Alter an dem och lo souguer den Här Asselborn decidéiert huet, net méi Spëtzekandidat ze sinn.  

D’CSV muss endlech nei Leit opbauen an den Här Juncker misst eigentlech och am Laf vun der Mandatsperiod séngem Successeur Plaatz maachen, falls hien un d’Wuel vu sénger Partei denkt.

Szenario 3:  den Här Juncker sicht sech sou séier wéi méiglech eng Plaatz an enger internationaler Organisatioun (wann en iwwerhaapt nach eng kritt)

An dem Fall, wär den  ganzen CSV-Wahlkampf vun Ufank un onéierlech. Dowéinst wär et interessant vum Här Juncker ze héieren, wéi laang hien da wëll Premier bleiwen, sollt en dann nees Premier ginn!

Meng Conclusioun ass, dat den Här Juncker keng ganz Mandatsperiod méi mecht. Déi Stëmmen déi CSV also mam Här Juncker sammelt „Mir mam Juncker“ richen no Wielerbedruch.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert