Dee Begrëff „gender apartheid“ hunn ech déi éichte Kéier an engem Bréif gelies, den déi belsch Kinnék Baudouin Fondatioun mir dësst Joer am Mee geschéckt hat, fir matzedeelen, datt d’Madame Bogaletch Gebre aus Aethiopien dësst Joer den Afrikaneschen Entwécklungspräis „Kinnék Baudouin“ gewonnen hätt. Do houch et „Gebre believes gender discrimination is as pervasive and destructive as recial apartheid once was. (…) This is what I want to see – a global coalition against gender apartheid.“
Hei ass den Artikel aus Wikipedia zu dem Thema:
http://en.wikipedia.org/wiki/Gender_apartheid
Als een den sech fir Sprooch a Begrëffer nach interesséiert huet dat do mech irritéiert. Datt ech dee Begrëff „gender“ net akzeptéieren ass jo kloer: ech sinn keen vun denen déi d’Biologie vum Mënsch niéieren fir aus dem Geschlecht e réngt sozialt Konstrukt ze maachen. Ech halen d’Gendergedeessems fir eng vun denen ënner alle falschen och nach dommsten Thorien, déi am Abléck den Zäitgeescht prägen. Ech hunn also „gender apartheid“ an enger éichter Phas mol mat „sex segregation“ vun Femenglish op Englesch iwwersat.
Mä doriwwer raus kann ech net akzeptéieren, dat de Feminismus stänneg d’Tragedien aus der Mënschheetsgeschicht mëssbraucht fir d’Situatioun vun de Fraen an der Welt ze dramatiséieren. Sëcher gëtt et vill Problemer op dëser Welt mat denen besonnesch d’Fraen confrontéiert sinn a selbstverständlech muss een probéieren fir, sou wäit wéi méiglech, zu der Léisung vun sou Problemer bäizedroen. Awer fir Begrëffer wéi „Holocaust“, „Genozid“ an elo rezent „Apartheid“ an de feministeschen Propagandadiskurs ze integréieren ass net nëmmen historesch onhaltbar, mee och eng Verhöhnung vun den Affer vun denen Verbriechen.
Hei geet et ebe just drëm, e neit Verbriechen anzeféieren, eben „gender apartheid“. Wen, wéi z.B. déi kathoulesch Kierch keng Fraen zum Priistertum zouléisst, kann sech geschwënn dem neie Verbriechen vun der „gender apartheid“ schëlleg maachen. Cela promet…
Sou mecht zum Beispill dee Film „Pink smoke over the Vatican“ vun 2011, den fir d’Zouloussung vun de Fraen zum réimech-kathouleschen Priistertum militéiert, direkt Referenzen op d’Apartheid an Südafrika.
Dee Vergläich kann ech awer net akzeptéieren. Eichtens fannen ech, dat een dem spezifeschen Term „Apartheid“ net soll seng historesch Bedeitung wechhuelen. Zweetens, ass en hei falsch wëll d’Fraen vun der Apartheid net aanecht betraff woren wéi d’Männer, inklusiv bei de Profiteuren vum System. Drëttens sinn d’Ennerdréckung an d’Verfolgung an och déi sozial a geographesch Trennung vu Leit an engem Polizeistaat op kee Fall vergläichbar mat enger theologescher Diskussioun ëm d’Plaatz vu Fraen an Männer an enger bestëmmter Kierch oder Relioun. Et kann een Vergläicher och sou wäit beméien, datt se all Sënnhaftegkeet verléieren.
Mäi Fazit ass, datt ech gär all Diskussioun iwwer Geschlechterfroen féieren, datt ech awer Här iwwer den Vokabular bleiwen déi ech an sou enger Diskussioun benotzen. Weder „gender“ nach „gender apartheid“ gehéieren dozou.