Homo-Bestietnis: Neen, merci!

Dëser Deeg hunn d’Fransouse gewisen, datt si nach ëmmer eng « Grande Nation » sinn. Fir d’Homo-Bestietnis ze verhënneren sinn – je no Quell – tëschent  340.000 bis zu iwwer enger Millioun Leit op d’Strooss gaangen. Als Lëtzebuerger schummen ech mech, dat bei eis keen fir d’Rechter vun de Kanner an de Schutz vun där  traditionneller Famill manifestéiert – genee sou mann wéi et virun e puer Wochen Lëtzebuerger Demonstranten géint d’Ofdreiwung gouf. Et geng ee grad mengen, datt dat wat d’Leit hei am Land interesséiert sech just nëmme nach op den Index an op d’Vakanzefoire limitéiert.

D’Fransousen hu gewisen, datt een sech och nach kann fir Wärter engagéieren. Mir sollten eis e Beispill un hinnen huelen !

Fir et gläich ze soen : ech sinn net « homophob », dat heescht ech hu keng Angscht virun Homosexuellen. Ech sinn och net homosexuellefeindlech. Eierlech gesot sinn si mir, wat hir sexuell Orientéierung ugeet, sou laang wéi breet. Ech sinn nun eemol e ganz gewéinlechen,  heterosexuelle Mann a mech interesséieren Fraen, net Männer.

Mä et gëtt Fuerderungen vun enger Rei vun Homosexuellen, déi ech net kann a net wëll akzeptéieren. Iwwregens sinn och nach laang net all Homosexueller fir d’Homosexuellebestietnis. Zu Paräis hunn och bekennend Homosexueller géint sou eng Méiglechkeet argumentéiert. D’Homosexuellebestietnis ass eng Fuerderung vun denen méi radikale Lobbyen an och Parteien. An déi schaffen mat villen Tricen, an dorënner och ville falschen Argumenter.

Vill Leit stellen sech leider iwwerhaapt keng Froen méi wann et em Ethik geet.  An dacks héiert een, wann iwwerhaapt, nëmme ganz einfach  Sätz zu dem Thema wéi zum Beispill: „Wann si dat gär hätten, da sollen si et kréien“ oder „Et därf een déi Homosexuell net diskriminéieren“. Sou oder ähnlech denken vill Leit, dacks mengen si et jo wierklech gutt mä et ass awer, menger Meenung no, eng Toleranz op där falscher Plaz. Et geet hei ëm vill méi fundamental Problemer wéi zum Beispill  d’Bedeitung vum Bestietnis an d’Wuel vun de Kanner, an iwwer sou Froen lount et sech nun eemol nozedenken!

Fir mech ass virun allem mol kloer, dat déi Diskussioun iwwerhaapt keng politesch Prioritéit huet. Mir hätten eis sollen prioritär op déi aktuell an dréngend Froen ëm d’Bestietnis an d’Zivilrecht këmmeren. Virun allem eng Reform vum aktuellen Scheedungsgesetz wär néideg fir endlech mol de Pappen (an heiansdo Mammen) déi den « Droit de garde » nët hunn méi  Rechter ze ginn! Beim „droit de garde“ a beim „droit de visite“ stellen sech  déi richteg, grouss gesellschaftleche Problemer!  All Joer leiden Dausenden vu Pappen a Kanner ënnert hirer Trennung an der „non-représdentation d’enfant“.  Mä neen, mir ameséieren eis fir Leit déi keng Kanner op natierlechem Wee kënne kréien e Recht op e Kand ze ginn amplaatz mol d’Rechter vun de Kanner déi biologesch Pappen an enger Scheedungssituatioun hunn an déi gär mol géngen méi Zäit mat hire Pappen verbréngen  ze stärken.  D’Homo-Bestietnis ass e Musterbeispill vun enger falscher, gesellschaftlecher Prioritéit! Hei ginn d’Fuerderungen vun enger klenger, militanter Minoritéit virun d’Intressien vun engem groussen Deel vun der Bevölkerung gestallt. 

Déi ganz Diskussioun em d’Homosexuellebestietnis lieft virun allem vu falschen Argumenter. D’Bestietnis ass eng Institutioun vum Stat fir déi fruchtbar Kärzell vun der Gesellschaft ze schützen : an dat ass nun emol déi traditionnell Famill déi kann a soll  Kanner maachen fir dat eis Gesellschaft ka viru bestoen. D’Bestietnis ass kee staatleche Stempel fir eng Léift ze zertifiéieren. Ob zwee Lénkser oder zwee net-Lénkser sech schrecklech léif hunn oder net geet de Staat iwerhaapt näicht un an et interesséiert en och net.

D’Bestietnis als Institutioun huet eng besonnesch Stabilitéit – aanecht wéi de PACS déi jo keng Institutioun mä nëmmen e Vertrag ass – virun allem wéinst dem Schutz vun de Kanner. Dofir kann een e Bestietnis och net einfach kënnegen mä et muss een vun engem Geriicht gescheed ginn. D’Natur selwer vum Bestietnis als fortpflanzungsorientéiert a kannerschützend Institutioun schléisst menger Iwwerzeegung no  seng Extensioun   op homosexuell, also vu Natur aus onfruchtbar Koppelen aus. Wann de PACS als Liewenspartnerschaftsvertrag iere sollt Defizienzen opweisen, da muss iwwer eng Reform vum PACS nogeduecht ginn a net iwwer eng Reform vum Bestietnis.

Wa mir zouloossen dat och homosexuell Koppelen sech kënne bestueden verschärfe mir eventuell och nach eng ganz Rei vun ethesche Problemer rondrëm d’Procreatioun, zum Beispill  bei der Leihmutterschaft oder der Procréation médicalement assistée.

Mir schafen Problemer fir Kanner déi, wann si bei homosexuelle Koppelen opwuessen, net méi gläichzäiteg déi weiblechen an de männleche Pol vun der Mënschheet an hirem Liewen kenneléieren.  Wéi ganz vill Psychiateren a Psychologen sinn och ech iwwerzeegt, dat sou eng Situatioun der Entwécklung vun de Kanner schued.

Kanner sollen bei Papp a Mamm opwuessen, oder – wou dat de Fall ass – bei hirem Adoptivpapp an hirer Adoptivmamm, oder och a « familles recomposées », mä jiddefalls ëmmer bei enger Fra a bei engem Mann. Dësst ass fir d’Entwécklung vun de Kanner an d’Kenneléieren vun  hirer eegener sexueller Identitéit extrem wichteg. „Elteren“ heescht fir mech nimools zwee gläichgeschlechtlech Partner.

Op dësem Blog publizéieren ech an denen nächste Wochen ëmmer nees Argumenter a ginn Referenzen a Bicher géint d’Homosexuellebestietnis un. Dat ännert zwar leider näicht um Endresultat vum Vote an der Chamber, mä et ass mäin bescheidenen Bäitrag zum Widderstand!

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert