CSV 2009: Joncker mam Juncker! CSV 2013: Jéimeren mam Juncker!

Lo kennen mir also d’CSV-Kandidaten fir déi nächst Wahlen. Eng gutt Neiegkeet fir d’Land: keen Henckes wäit a breet! An dofir all déi schéin Judas-Rieden an der Chamber!

Wat ass soss nach ze soen? D’CSV packt mol net hir eegen 1/3 Fraenquot. 19/60 ass nun eemol manner wéi 20/60, an dat och nach ënner der Présidence vun der Madame Jacobs! Si hätt déi Lëschten onbedéngt missen ëffentlech refuséieren!!

 D’CSV schéngt och weiderhinn streng dynastesch ze denken. Weiler, Margue, Weydert, Hansen, Biltgen… et wär mol interessant do all Familljenrelatiounen zë kennen. Wen ass mat wem Famill? Spautz, Wolter an anerer kommen jo och schonn aus al bekannten CSV-Kreeser. Kéint et ieren sinn, datt net nëmmen d’CSV mengt datt d’Land géng hir gehéieren, mee dat och nach e puer Familljen an der CSV mengen, d’Partei wär hier? Iwwer e bësschen Transparenz géng ech mech freeën!

An wat de Programm vun der CSV ugeet: sou wäit ech bis elo wees keen Wuert vum Här Juncker iwwer d’Ofdreiwungsreform, keng Aennerung um geplangten Homo-„Bestietnis“ mat Adoptiounsrecht, keen Bedaueren iwwer déi massiv Staatsverschëldung, keen Zweifel un där horrender Schoulreform, keen Festhaalen um sozialen Indexmechanismus… ..Dofir e Koup  rechthaberesch Toxkäppegkeet! Weider sou wéi bis elo, de sëchere Wee an d’Mauer!

D’CSV huet a Wierklechkeet nëmmen een Kandidat an een Numm: JUNCKER. „Mir mam Premier“… Mee den ass béis ugeschlon, an dat vollkommen zu Recht. Joerelaang huet hien dësst Land vernooléissegt, joerelaang huet hien sech an Europa ausgetobt well hien sech heiheem gelangweilt huet. Europa an Lëtzebuerg ass eben net „dat nämlecht“. Dësst Land brauch Politiker déi sech ëm seng Problemer këmmeren an net nëmmen ëm hir eegen Presenz an auslänneschen Televisiounsshowen! A propos: wéivill kommen där nach am Oktober op eis duer? 

Neen, de Premier brauch net méi op Matleed ze hoffen – hien huet dësst Land mat ruinéiert, finanziell an soss och. Léif Kolleegen vun der CSV: „Jéimeren mam Juncker“ zitt net!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert