CSV-Wahlkongress zu Ettelbréck: d’Ried vum Spëtzekandidat Juncker

Nach 5 Joer Juncker? Déi Fro hunn sech wahrscheinlech och ganz vill CSV-Memberen gëschter zu Ettelbréck gestallt. Wen sech d’Méi gamaach huet op d’Gesiichter vun den Delegéierten ze kucken an d’Spontanéitéit vun hirem Applaus anzeschätzen, den huet wahrscheinlech och gemierkt, dat et un Begeeschterung an Iwwerzeegung am Sall dacks däitlech gefeelt huet.

Den Här Juncker huet, ausser sengem rhetoreschen Talent a séngem geleeëntlechen Charme, net méi vill ze bidden. Hien huet seng Erfahrung betount, wat no 18 Joer Premier jo nëmme normal ass, mee nei Perspektiven fir dësst Land huet hien keng. Juncker wielen heescht weider wurschtelen wéi bis elo. Fir mech ass dat mat Sëcherheet keng Léisung an keng Perspektiv fir dësst Land!  

Gëschter schonn hunn ech gesot, dat den „C“ an der CSV beim Här Juncker iwwerhaapt keng Roll méi spillt. Et ass zwar e Palliativ-Dokter Kandidat ginn, mee kee Wuert, datt d’CSV d’Euthanasie-Gesetz géng a Fro stellen, kee Wuert zur Liberaliséierung vun der Ofdreiwung, kee Wuert zum Homo-„Bestietnis“! D’Juncker-CSV ass eng Partei ouni chrëschtlech Iwwerzeegungen.

Den Här Juncker huet gesot et sollt een keen géint den aaneren ausspillen. Gläichzäiteg rappeléiert hien, dat hien de Fraeministère gegrënnt huet, den jo awer zënter bal 20 Joer näicht aanecht mecht wéi d’Fraen géint d’Männer ausspillen. Wen erënnert sech net un der Madame Jacobs hiren „Matriarchatskongress“? An un all déi männerfeindlech Propaganda, déi d’CSV zënterhier als Fraënpolitik presentéiert? Chamcengläichheetspolitik ass jiddefalls an mengen An keen Géintëneen mee e Matëneen vu Mann a Fra. Fir d’Juncker-CSV awer ass et Feminismus, Männerhaass an Zersetzung vu rechtsstaatleche Grondprinzipien. 

Den Här Juncker seet, d’CSV wär d’Partei vun de Baueren an de Wënzer. Firwat wor si dann sou wéineg un dem Ressort interesséiert, datt si der LSAP en iwwerlooss huet? An wen huet dofir gesuergt, datt och d’Baueren an d’Wënzer sollen anstänneg Pensiounen kréien? Dat wor d’ADR an net d’CSV! D’CSV fäert lo fir hir Stëmmen am Osten an am Norden an mecht dowéinst sou als wär se nach un de Baueren a Wënzer interesséiert. Si wor et jorelaang iwwerhaapt net, wëll si sech denen Stëmmen vill ze vill sëcher wor!  

Schockant ass datt d’CSV un den Delvaux-Schoulreformen wëll festhalen. Dozou soen ech just: d’ADR net! Et muss Schluss sinn mam Zerfall vun eisem Schoulsystem an mir brauchen nees méi Niveau, méi Wëssen, méi Fläiss an méi Leeschtung!

D’Mammerent? D’CSV huet den Bezuchsalter zësummen mat der LSAP vu 60 Joer op 65 Joer erop gesat! D’ADR wor dogéint.

Den Index? Den Här Juncker wëll den jo deckelen. Datt dat gläichzäiteg eng schlecht an eng onsozial Iddi an datt wees an der Tëschenzäit bal jiddereen hei am Land. D’Argumenter stinn och op dësem Blog an engem Artikel iwwer d’CSV an de gedeckelten Index.

D’Entwécklungshëllef?  Dat ass e Konzept vu gëschter. An der Tëschenzäit setzt sech lues an lues déi Erkenntnis duerch, datt d’Entwécklungshëllef denen Länner déi se kréien méi schued wéi se bréngt. Déi Suen sinn dacks net gutt, mee ganz schlecht investéiert. Fir déi Problematik ëm eng global Solidaritéit an enger bëlleger Floskel mam Waffenhandel ze vergläichen wor däitlech ënnert dem Niveau vum CSV-Kongress. D’ADR seet mat Recht, datt d’Entwécklungshëllef muss rofgoen!

D’Fonction publique? Den Här Juncker wëll d’Reform, seet awer näicht méi  iwwer d’Erhéigung vun de Paien. Do ass d’ADR vill méi éierlech: mir soen keen Bewärtungsystem fir d’Beamten well den d’Fonction publique géng politiésieren, awer och keng Erhéigung vun de Paien an Zäiten vun Budgetsdefizit!

Simplification administrative? Datt d’CSV iwwerhaapt nach de Culot huet dat Wuert an de Mond ze huelen, datt kann een nëmme wonneren. Joerelaang wor déi zur „Chefsaach“ erkläert ginn, mee well de Chef ni do wor ass do net grad vill geschitt. Lo soll d’Madame Modert datt iwwerhuelen – an dat ass bekaantlech och keng Garantie fir eng dynamesch Approche!

Auslännerpolitik? Keen Wuert zu der Bedeitung vun enger reeëller Integratiounspolitik op Basis vun eise Wäerter an eiser Sprrooch. Keen Wuert doriwwer, dat d’CSV d’Auslännerwahrecht fuerdert. Dofir awer elektoral Geschärs bei denen Leit déi déi duebel Nationalitéit ugeholl hunn. Mee wat sollen grad déi Leit dann dovun denken, datt d’CSV lo jidderengem wëll d’Wahlrecht ginn, och denen déi den Effort fir eis Sprooch ze léieren net gemaach hunn an dat Bekenntnis zu eisem Land net ofgeluegt hunn? Den Här Juncker vermëscht bewosst déi zwee Konzepter vu „résident“ an vu „citoyen“. Dat ass juristesch falsch a politesch onéierlech! Nët jiddereen den an engem Land wunnt ass och ë Bierger vun dem Land!

Staatsfinanzen? Eng eenzeg CSV-Katastroph!  Et wor den Här Juncker den am Joer 2000 zu Feira kapituléiert huet an d’Bankgeheimnis opginn huet! An et wor den Här Juncker den säin Accord ginn huet fir den Besteierungssystem beim elektoneschen Handel an Europa ze änneren. Den Här Werner hat eis Bankeplaatz opgebaut, den Här Juncker huet se futti gemaach! 

Neen, nët nëmmen onst Land mee och d’CSV brauch en neien Wand, e neien Profil, e neien Ufank. Dat wor gëschter zu Ettelbréck däitlech ze mierken.  D’Juncker-Aera ass zu Enn, souguer dann wann d’CSV et nach eemol sollt packen an den Här Juncker nach eemol geng Premier ginn.  Seng Ried vu gëschter wor ganz kaale Kaffi. 

Souguer bei denen, déi haard soen „Grad elo, den Här Juncker“  oder bei denen déi politesch an mënschlech Matleed mam Här Juncker hunn well si un d’Dolchstousslegend gleewen, sinn d’Zweifelen ëmmer méi däitlech ze spieren.

Et wär gutt fir d’CSV, wann och an där Partei endlech géng eng éierlech Diskussioun ufänken!  Mat all Dag Juncker, gëtt et méi schwéier fir d’CSV en neien Ufank ze fannen.

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert