Wouerechten iwwer d’Ofdreiwung

Eng amerikanesch Frëndin huet mir dësst wärtvollt Bild geschéckt, dat op Facebook ze gesinn ass. 

https://www.facebook.com/photo.php?fbid=636205709737200&set=a.111941312163645.13544.111925638831879

Vun hei aus e grousse Merci fir dëss Informatioun – besonnesch well ech selwer net op facebook wëll sinn. Dat Bild seet ganz vill aus an et sollt a kénger Ofdreiwungsdiskussioun ignoréiert ginn. 

Den „pro-Choice“-Aktivismus geet jo genee sou wéi dee bekannten, däitschen pro-Ofdreiwungs-Slogan „Mein Bauch hehört mir“ gläichzäiteg un der Realitéit an un der Wouerecht laanscht: dë Bauch vun der Fra steet jo iwwerhaapt net zur Diskussioun, mee d’Liewen vun hirem Kand. Dem Kand seng Rechter ginn awer aus politeschem Opportunismus ëmmer méi  ignoréiert.

Hautzudaags gëtt leider virun allem iwwerflächlech an populistesch argumentéiert. Kaum eng politesch Partei ass nach ofdreiwungskritesch, well just nach op den feministeschen Elektorat gekuckt gëtt. Och déi kathoulesch Kierch hei am Land huet jo an der Ofdreiwungsdiskussioun komplett versot, ech huelen mol un op Drock vun der CSV. 

Alléng d’ADR huet bei där leschter Reform vum Ofdreiwungsgesetz  nach d’Indikatiounsléisung vun 1978 verdeedegt an domat och als eenzeg Partei nach fir de Wäert vum Liewen argumentéiert.

Ech denken, et sollt een de Leit awer och mol virun An féieren, wéi ethesch komplex schonn d’Indikatiounsléisungen sinn. Datt dat net populär ass, dat wees ech och. Mee mech interesséiert d’Wouerecht nun eemol bedeitend méi, wéi mäin perséinlecht Walresultat. 

Dowéinst wëll ech haut d’Madame Rebecca Kiessling zu Wuert komme loossen. D’Madame Kiessling gouf an enger Vergewaltegung gezeugt an hir Mamm wollt si eigentlech ofdreiwen, wär et dann legal gewiecht. Haut ass d’Madame Kiessling eng Affekotin fir d’Liewen.

 

 

 D’Madame Kiessling huet och hiren eegenen Internet-Site:

www.RebeccaKiessling.com

Interessant ass och dësen Artikel vun kath.net zu dem Thema: 

http://www.kath.net/news/39687

An Amerika gëtt et wéinstens nach Leit déi decidéiert fir d’Liewen antrieden. Hei am Land gëtt et awer leider bal keng politesch Lobby fir d’Recht op Liewen. Bei ons schéngen materiell Wärter fir vill Leit leider bedeitend méi wichteg ze sinn wéi idéeëller. Dëss Gesellschaft huet just nëmme nach ë puer Pseudo-Wäerter wéi eng referenzfräi „Toleranz“ oder eng ondefiniéiert „Net-Diskriminéierung“. Virun allem gëllt: nëmme keng onbequem oder onpopulär Positiounen vertrieden! Wéi déif si mir gefall?

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert