Kee Boykott vu Sotchi!

Vu verschiddenen Säiten héiert een, datt déi olympesch Wanterspiller vu Sochi sollten boycottéiert ginn. Déi eng mengen, datt dat misst geschéien well Russland dem Här Snowden politeschen Asyl ginn huet, anerer argumentéieren Russland géng géint Homosexueller diskriminéieren.

Meng Positioun ass zwar, datt den Här Snowden virun en amerikanescht Geriicht gehéiert mee dowéinst sinn ech awer nach laang net där Meeenung, datt Russland misst wéinst sengem Geste sanctionnéiert ginn. Déi russesch-amerikanesch Bezéiungen, wéi iwwregens och déi russesch-lëtzebuergesch Bezéiungen, sinn wichteg a wäertvoll an si verdéngen et fir mat allem diplomatesche Geschéck behandelt ze ginn.  D’Iddi vun engem Boycott vun den olympesche Spiller wéinst dem Fall Snowden, sou wéi en amerikaneschen Senator se proposéiert hat, fënnt iwwregens och net d’Ennerstëtzung vum Amerikaneschen Olympesche Kommittee.    

 http://www.itar-tass.com/en/c32/811912.html

Am Fall vun den russeschen Gesetzer géint „Homosexuellenpropaganda“ a Präsenz vu Kanner schwätzen verschidden Homosexuelle-Lobbyen vun „hate laws“ an vergläichen déi russesch Legislatioun mat der Apartheid. Déi Vergläicher sinn awer an all Hinsicht iwwerzunn.

http://edition.cnn.com/2013/08/07/world/europe/russia-gay-rights/index.html?hpt=hp_t4

Hei fillen ech mech un de Begrëff vun der „Gender-Apartheid“ erënnert, den ech viru kuerzem an aus ähnleche Grënn op dësem Blog kritiséiert hat. D’Situatioun vun denen Homosexuellen a Russland ass net mat där vun denen Fuerwegen ënnert dem Apartheidsregime ze vergläichen.

Et gëtt am Abléck verschidde Reaktiounen op déi russesch Legislatioun,  vun Boykott-Fuerderungen bis zu engem schonn praktizéierten Vodka-Boykott. Jiddefalls ass kloer, datt déi russesch Legislatioun net déi sexuell Orientéierung vun Erwuessenen ënner Stroof stellt, mee just d’Propaganda fir d’Homosexualitéit wann Kanner dat kéinte mat kréien.  Dat sinn ganz sëcher zwou verschidde Saachen, an déi Diskussioun iwwer déi Legislatioun sollt dowéinst och méi differenzéiert ginn, wéi dat bis elo dacks de Fall ass.  

http://www.itar-tass.com/en/c32/833165.html

Et ass an dësem Zësummenhank ze notéieren, datt och homosexuell Athleten sech géint e Boykott ausschwätzen:

http://edition.cnn.com/2013/08/09/sport/russia-anti-gay-diack-athletics/index.html?hpt=hp_t3

Hei ass och nach d’Positioun vum britesche Premierminsiter an dëser Saach, den op en Opruff vun engem Homosexuellen zum Boykott geäntwert huet:

http://www.huffingtonpost.fr/2013/08/10/jo-sotchi-boycott-participer-david-cameron_n_3735906.html?utm_hp_ref=international

Ech hoffen, datt mir endlech aus enger Logik vun engem Boycott vu grousse Sportsevenementer eraus kommen. De Sport soll d’Mënschen méi no bréngen a Brécke bauen. Méi Politiséierung brauch et net.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert