Wehret den Sozialisten!

D’Lëtzebuerger Revue, eng sozialistesch Zäitschrëft, huet gëschter als Titelgeschicht de Rietsextremismus zu Lëtzebuerg gewielt („Wehret den Anfängen“). Op dat d’Méi wierklech wäert wor, wees ech net, well de Bilan ass – Gott sei dank! – ganz moer.

Mä d’Intentiounen vun de Sozialisten sinn awer dofir glaskloer. De Leetartikel lueft déi geplangten Extensioun vum Walrecht  op d’Auslänner als e « Riiseschrëtt » a bezitt sech alt nees op déi manipuléiert Emfro vun TNS-ILRES fir ze behaapten, dat zwee Drëttel vun de Lëtzebuerger dofir wären, dat d’Auslänner bei de Chamberwalen dierften mat wielen goen.

Dat d’Sozialisten lo alles mobiliséieren wat si hunn fir d’Géigner vum Auslännerwalrecht an de rietsen Eck ze drécken an si doduerch ze veronsëcheren an der Hoffnung fir si definitiv roueg ze kréien – dat wor ze erwaarden! No dem Här Asselborn senger miserabler Argumentatioun am RTL-Kloertext an dem Stuerm vu negativen Kommentaren op RTL.lu wor jo kloer, dat alles wat rout, gréng a soss lénks ass, lo muss ganz séier untrieden fir ze probéieren fir ze retten wat nach ze retten ass. De roude Message ass: den Här Asselborn an all déi Lénk sinn déi Gutt a wen iere net solllt dofir sinn, dat d’Auslänner därfen bei de Chamberwalen mat decidéieren, dat ass e Nazi. Sou einfach ass et!

D’Sozialisten verknäppen mam Auslännerwalrecht zwou Hoffnungen : si mengen dat d’Auslännerstëmmen virun allem hinnen elektoral notzen an si hoffen den Afloss vun der Fonction Publique an der Lëtzebuerger Politik kënnen ze briechen. Un den « Demokratiedefizit » gleewen si genee sou mann wéi ech. Dat ass just en Argument fir déi Domm an déi Guttgleeweg.

Mä den Hitler op der Titelsäit, dat wor Overkill an mat Sëcherheet e Schoss no hannen. Well et wor Hitler drop, mä keen dran. Souguer déi sozialistesch a greng Propagandisten fannen näicht sou richteg Rechtes an der Parteienlandschaft – an doriwwer sinn ech als alleréichten glécklech! E politesch staark orientéierten Historiker a Lokalpolitiker diagnostizéiert datt d’ADR geng eng « Soft-Versioun » vum Discours vun der « National-Bewegong » propagéieren. Iwwer dee betreffenden Historiker steet op Wikipedia : « Homme de gauche, finalement venu à l‘écologie politique (co-fondateur du parti Déi Greng, dont il a démissionné en 2004), [Numm] a fait partie du conseil communal de Dudelange, dans le bassin minier luxembourgeois (1997-2002). » Gutt, Wikipedia ass als Quell net iwwerzebewärten, mä jiddefalls kann een dem Här kaum eng politesch Neutralitéit ënnerstellen. Dementsprechend muss och säin Uerteel relativéiert ginn.

A wat heescht da schonn  „Soft-Versioun vum Discours vun der National-Bewegung „ ? Dat d’ADR net fir en europäeschen Zentralstat ass ? Dat mir net fir d’Auslännerwalrecht bei de Chamberwalen sinn ? Dat mir d’Lëtzebuerger Nationalitéit net bradéieren ? Dat mir gär Lëtzebuergesch als Integratiounssproch hätten ?  Dozou bekennen ech mech!

De Politolog Philippe Poirier vun der Uni Lëtzebuerg gëtt zitéiert mat de Wierder : « Es gibt in Luxemburg keine rechtsextreme Partei. Das heisst noch lange nicht, dass es keine rechtsextreme Wählerschaft gibt ». Do ginn ech ëm Recht !

Den Artikel huet awer eng ganz Rei vu sachleche Feler. Do gëtt zum Beispill behaapt d’Grenzen tëschent dem Konservatismus an dem Rietsextremismus wäre « porös ». A wouhir ?!! E chrëschtleche Konservatismus ass déi allerbeschte Garantie géint all Form vu Rietsextremismus!

A firwat déi Hären Colombera an Henckes a Wierklechkeet aus der ADR ausgetratt sinn, dat erzielen ech eng aner Kéier – aus verschiddene Grënn maachen ech dat lo awer nach net. Mä et kënnt awer….

Et sollt een ower dëss Diskussioun roueg och benotzen fir sech och ë bësselchen mat denen Rouden a Gréngen ze beschäftegen. Wéi ech op dësem Blog scho gesot hunn, hunn ech den Androck dat et e rout-gréngen Faschismus hei am Land gëtt. Loos mer vergläichen :

ADR : Bekenntnis zum Schutz vum Liewen. Restriktiv Politik bei der Ofdreiwung an géint d’Euthanasie.

Gréng an LSAP : Fristeléisung bei der Ofdreiwung. Jo zur Euthanasie a nach méi schlëmm : Propositiounen an der Chamber vum Lydie Err a vum Jean Huss fir eng « Euthanasie » vu behënnerte Kanner an Demenzkranken ze erméiglechen.

ADR : Fir d’Stärkung vun den demokrateschen Institutiounen. Direkten Zougang vun all Bierger zum Verfaassungsgeriicht. Reform vum Walrecht. Demokratesch Zësummesetzung vum Staatsrot. Méi Rechter fir d’Oppositioun an der Chamber. Méi Referenden.

Gréng an LSAP: pro-demokratesch Rhetorik awer an der Praxis strikt dogéint. Als rezent Beispill kann een déi negativ Stellungnamen vun denen Parteien zu Referenden  zitéieren (Tram, Europapolitik). D’LSAP ass géint e Referendum iwwer déi nei Verfaassung.

ADR: eng equilibréiert Nohostpolitik, op Basis vun enger Zweestateléisung am Respekt vun der Sëcherheet vun Israel an an der Suerg ëm en demokratescht Palästina.

LSAP: bal vollkommen eesäiteg pro-Palästinenser-Politik mat enger geféierlecher Proximitéit zu där terroristescher Hamas. Et gëtt een de Verdacht net lass, dat e schlecht verstopptenen Anti-Semitismus an der LSAP grasséiert, besonnesch och wann een d’Artikelen vum tageblatt analyséiert.

D’LSAP sollt sech mol op eng richteg Manéier mam Rietsextremismus beschäftegen a sech selwer kritesch iwwerpréiwen!

Dobäi soll si och net hir däitsch Kollegen vergiessen. Hire Genosse Peer Steinbrück ass nët nëmmen Kanzlerkandidat, mä och nach e grousse Frënn vun der Kavallerie. Wien géif sech net un dem SPD-Mann (dat ass déi däitsch Schwësterpartei vun der LSAP )  seng äusserst « sympathesch » Zitater erënneren, mat denen hien d’Nopechlänner vun Däitschland wollt militäresch bedréien an ënner Drock setzen ? Dogéint huet den Ausseminister Asselborn ni protestéiert, aanecht wéi déi Schwäizer Regierung !

An Leit vun dem Kaliber gëtt et der nach bei de Sozialisten. Den SPD-Mann Müntefering sot och mol iwwer Länner déi a sengen An « Steierparadäiser » wären: „Früher hätte man dort Soldaten hingeschickt. Aber das geht heute nicht mehr“.  Wéi gesot – Rietsextremismus, Militarismus a Veruechtung vum internationale Recht fënnt een vläicht éichter bei de Sozialisten wéi bei aneren!

Steinbrück a Müntefering – dat  sinn eise Sozialisten hir Kolleegen a Genossen ! Mat sou Leit gëtt eng ADR sech net of. Wen an Europa d’Nopechlänner militärech bedréit ass fir eis keen Gespréichspartner.

D’Titelbild vun der Revue wor vläicht awer net sou schlecht – just hätten e puer Sozialisten  missen dra sinn!

 

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert