Juncker Riot

Op wort.lu gëtt well Propaganda fir dem Här Jucker seng Offer un den Här President Putin gemaach fir dräi Memberen vum Grupp « Pussy Riot » no sengem Besuch a Russland mat op Lëtzebuerg ze brengen. Den Ament wou den Här Juncker zu Moskau war, woren déi juristesch Prozeduren an dem Fall mol nach net ofgeschloss. An der Tëschenzäit wësse mir, dat nëmmen zwou vun denen dräi concernéierte Fraen vu « Pussy Riot » an zweeter Instanz zu enger zweejähreger Fräiheets- an Aarbechtsstrof veruerteelt goufen.

Dat Uerteel gouf och beim Besuch vun enger Delegatioun vun der russescher Duma hei  zu Lëtzebuerg ugeschwat. Déi russesch Delegatioun huet mat Recht drop higewisen, dat déi russesch Effentlechkeet eng Bestrofung vun denen Fraen fir richteg hällt. Een russeschen Parlamentarier huet gemengt, d’Uerteel wär ë bësschen ze laang. Jiddefalls hun eis russesch Frënn  – menger Meenung no – zu Recht  d’Fro gestallt, wat da geschitt wär wann den blasphemeschen Optrëtt net an enger orthodoxer Kathedral geschitt wär, mä zum Beispill an enger Synagog oder an enger Moschee ? Am leschte Fall hätten déi betraffen « Sängerinnen » hiren Optrëtt wuel kaum iwwerlieft.

Ass dat net eng berechtegt Fro ? Wat hätt d’Lëtzebuerger Regirung an sou engem Fall gemaach ? Ass et dann net wouer dat eis Regierung anscheinend mengt an chrëschtleche Kierchen därft een alles an egal wat, an déi reliéis Gefiller vu Chrëschten gengen keng Roll méi spillen ? An ass et dann net och sou, dat den Här Asselborn sech net direkt a bilateral fir de Schutz vu Chrëschten an der Welt engagéiert, mä sech an dem Beräich just nëmmen hannert der EU verstoppt?

 De Premier huet Lëtzebuerg kee Gefalen gemaach. Mir sollten mat Russland iwwer eis bilateral Interessien diskutéieren, awer net eis Partner zu Moskau vollkommen onnéideg brüskéieren! D’Russen hunn dee Geste vum Här Juncker net verstan an och vum Standpunkt vum internationale Recht op Asyl ass dat do e Feler gewiecht. Weder wor de Prozess riwwer, nach goufe mir em Asyl gebieden, nach ass et un eis fir déi russesch Stroofgesetzer ze schreiwen. Russland ass vläicht keng Demokratie wéi Island oder d’Schwäiz, mä si sinn garantéiert och net um Mënscherechtsniveau vu Myanmar oder Nordkorea. Russesch Gesetzer ginn an engem demokratesch gewielten Parlament gestëmmt an déi russech Geriichter sinn vläicht net perfekt, mä beméien sech awer ëm Rechtssaatlechkeet.

Déi Russësch Federatioun ass vu ville Reliounen geprägt an ass en äusserst komplexen a vläicht och nach e fragilen Stat. Déi russesch Autoritéiten mussen eng aaner Verantwortung weisen a vill méi komplex Froen bedenken wéi westlech Politiker déi vu Russland braddelen ouni et ze kennen an ouni et ze verstoen. Ech denken do och ausdrécklech un eng Partie vu Parlamentarier.

Et freet een sech, firwat d’Wort grad lo Reklamm fir déi Entgleisung vum Här Juncker zu Moskau mecht? Mengen déi Hären Hollerich a Gillen vläicht, dat déi Initiativ zu Gonschten vun de Blasphemistinnen nach net genuch bewonnert gi wär ? Wat wollt den Här Juncker dann eigentlech erreechen ? En internationalen Publicity-Coup landen ? Oder wollt en heiheem mol nes mat ëppes aanecht wéi mat sengem riisege Scholdenbierg opfalen ? Ass dat net Populismus op Käschten vun eisen internationalen Interessien?

An e puer Wochen oder Méint kréien déi Pussyriotinnen souwisou eng Amnestie vum President Putin. Den ass mat Sëcherheet frou wann en se endlech lass ass. Wann déi Dammen dann wëllen op Lëtzebuerg kommen, dann kënnen si ongestéiert an ongenéiert an der Kathedral Gott an eise Groussherzog beleedegen –  Uebung hunn si jo lo. D’Wort ass live dobäi an  déi Dammen kënnen dono mat der CSV op d’Lëscht fir an d’Chamberwalen goen.

 Zur Informatioun ass hei nach de Communiqué den d’ADR – där eenzeg vernënfteger Partei am Land – zu dem Thema publizéiert hat:

 

 

„Här Juncker: Diplomatie ass eppes anescht!

An deene leschten Deeg hunn d’Medien eng etlech Reportagen iwwer dem Premier seng Visite a Russland bruecht. Den Här Juncker selwer ass a sengem Regierungsbriefing och op déi Rees an op seng Gespréicher mam russesche President Putin agaangen. D’ADR wor awer net wéineg verwonnert, wéi d’Press nom Premier sengem Regierungsbriefing gemellt hat, datt hien am Kader vun engem méi laange Gespréich mam Här Putin iwwer d’Mënscherechter offréiert gehat hätt “déi veruerteelt Sängerinne vun der Band Pussy Riot mat op Lëtzebuerg [ze] huelen, wa Plaz am Fliger wier … “ (Zitat RTL.lu). A weider “De Putin hätt dat awer net esou witzeg fonnt. Op alle Fall wëll de Premier sech net virgeheie loossen, d’Mënscherechter ignoréiert ze hunn.”

Eise Premier huet sech domat e kräftegen, diplomatesche Faux-pas geleescht. Datt den Här Juncker esou Propositioune mécht, weist datt hien iwwer de Fall Pussy Riot entweder net genuch informéiert war oder, wat nach méi schlëmm wär, net genuch doriwwer nogeduecht hat.

An ville Medien an och vun eenzelne politesche Parteien ass dee vun de Pussy Riot an der Erléiserkathedral zu Moskau inszenéierten Tëschefall ganz eesäiteg a plakativ duergestallt ginn. Et gouf zwar, besonnesch hei am Westen, vill vun der kënschtlerescher Fräiheet vun de Sängerinne geschwat, net diskutéiert gouf awer iwwer d’Stéierung vun der Ausübung vun der Relioun an d’Respektlosegkeet vun de betraffene Kënschtlerinne géintiwwer de reliéise Gefiller vun de Gleewegen. Grouss Passagë vum sougenanntenen « Punk-Gebiet » géint de President Putin, dat si an der Kierch opgeféiert hunn, si fir vill russesch-orthodox Mënschen eng Blasphemie. (z. B. : « All Membere vun der Por krauche sech vernäipen, d’Phantom vun der Fräihäit ass am Himmel », oder « Fir den Héchsten net ze beleedege mussen d’Frae Kanner kréien » an dat direkt mat enger ganzer Rei vu besonnesch krasse Fäkalausdréck). Dat « Punk-Gebiet » huet dann och nach déi kierchlech Hierarchie beleedegt, wat jo besonnesch fir vill gleeweg Leit och net onproblematesch ass.

D’ADR verdeedegt d’Meenungsfräiheet a selbstverständlech och d’Fräiheet vun der Konscht hei am Land an och soss iwwerall. Et muss ee sech awer froen, wat d’Lëtzebuerger géinge soen, wann eng Grupp vu Leit mat Boke géing stënterlech an d’Kathedral kommen, do déi Gleeweg op d’Säit drécken an da géingen e Lidd sangen, an deem Gott, de Groussherzog an den Äerzbëschof op eng ganz vulgär a krass Manéier beleedegt ginn. Et gëtt einfach Plazen, wéi zum Beispill Kierchen, Monumenter oder Kierfechter, déi e besonnesche Respekt verdéngen an dowéinst och gesetzlech geschützt sinn. Och hei zu Lëtzebuerg gëtt et Gesetzer, déi d’Rou an d’Dignitéit vun esou Plaze solle garantéieren. Wee seng kënschtleresch Fräiheet notze wëll, sollt dat net grad an enger Kathedral maachen, wann en dofir d’Erlaabnis vun der Kierch net huet.

Datt den Här Juncker dann awer a Russland dem russesche President offréiert fir genee esou Leit Asyl zu Lëtzebuerg ze ginn, muss an den Ae vu ville Russe wéi eng weider Provokatioun geklongen hunn. Sou Initiativen diskreditéiere just nëmmen d’Lëtzebuerger Politiker als Gespréichspartner. Serieux a verantwortungsvoll Baussepolitik gesäit anescht aus!

D’ADR ass sech selbstverständlech bewosst, datt de Rechtsstaat a Russland nach muss bedeitend gestäerkt ginn an engagéiert sech dofir och bei deene russeschen Autoritéiten. De Prozess géint d’« Pussy Riot » ass awer ganz sécher net dee Fall, dee si géing huele fir hiren Engagement an där Saach ze justifiéieren. D’ADR kann dem Här Juncker nëmme recommandéieren, fir sech drun z’erënneren, datt hie soll am Ausland lëtzebuergesch Intressie vertrieden. Fir dat kënnen z’erreechen, muss en awer och dat néidegt Taktgefill weisen.

D’ADR hofft, datt dat definitivt Uerteel géint d’Sängerinne vu « Pussy Riot », am Fall vun engem Scholdsproch an zweeter Instanz, sech am Kader vun dem hält, wat an ähnleche Situatiounen och a westleche Länner üblech wär. Si erwaard sech jiddefalls vun der Russescher Federatioun, datt de Prozess, deen den 10. Oktober virugeet, alle rechtsstaatlechen Normen entsprécht a kee politesche Charakter huet.“

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert