E puer Gedanken iwwer dem Här Putin säi Russland an eist Lëtzebuerg

Den Här Pat Buchanan huet grad en interessanten Artikel fir „Real Clear Politics“ geschriwwen, an dem hien sech Froen iwwer déi aktuell Kritiken géint den Här Putin stellt. 

http://www.realclearpolitics.com/articles/2013/08/13/post_v_putin_–_whose_side_are_you_on_119586.html

Den Här Buchanan ass e Matbegrënner vun der Zäitschrëft „The American Conservative“ an e fréiere Beroder vum President Ronald Reagan, e Mann also den mir a priori ganz sympathesch ass, obschonns ech nach ni déi Freed an Eier hat fir hien perséinlech kennen ze léieren.

http://fr.wikipedia.org/wiki/Pat_Buchanan

Déi Froen déi den Här Buchanan sech stellt, sinn awer och meng. Russland ass nun eemol haut e moralech éichter konservativt Land, nodeems et iwwer laang Joerzéngten ënner enger kommunistescher Diktatur gelidden huet. Hu mir da schonn vergiess, wéi mir hei am Westen nach virun e puer Joer iwwer eng gelieften Homosexualitéit geduecht hunn? Haut wëlle vill Leit homosexuell „Familljen“ erlaben an Kanner doran opwuesse loossen. Fir mech ass dat kloer keng „liberal Errungenschaft“ mee e kannerfeindlechen Extremismus vu Leit um rücksichtslosen Ego-Trip an dowéinst och e falsche Wee! Dat Russland ganz aner Usiichten huet, kann ech gutt verstoen. 

Eigentlech verstinn ech déi russesch Iwwerleeungen a ville Beräicher, och wann si hei am Westen op vill Kritik stoussen,  a begréissen och dat Bekenntnës zum Chrëschtentum, datt de President Putin ofleet.

Neen, ech halen och näicht vun Homo-„Bestietnisser“ an och näicht vu Pussy Riot, Femen an aneren Dammen vun där Zort.  Ech mengen, dat et där Leit mat sou Iwwerzegungen wéi mengen och nach vill méi gëtt. Den heldenhaften a massiven Widderstand a Frankräich géint de „mariage pour tous“ huet dat gewisen.

Déi modern „Argumentatioun“ vun „Toleranz“ fir an géint alles, an „Net-Diskriminéierung“ géintiwwer allem méiglechem, veronsecheren awer vill Leit an huelen hinnen d’Vertrauen an hire gesonde Mënscheverstand an hir moralesch Iwwerzeegungen.  Si trauen sech einfach net méi an eiser Mikro-Gesellschaft, déi ënner der Diktatur vum „politesch Korrekten“ lieft, hir Oppositioun ze formuléieren. Eis Medien sinn bal exklusiv lénks, politesch gesteiert an loossen aner Meenungen iwwerhaapt net zou.  Op déi Manéier hunn hei am Land d’Homo-Lobbyen an déi feministesch Bewegungen zënter Joeren fräi Bunn ouni iergend eng Kritik oder kritesch Diskussioun missen ze fäerten.

Mir sinn an eisem Land op engem ganz déiwen Punkt ukomm an ech froe mech wéi et soll viru goen. Kontrovers Diskussiounen gëtt et praktesch keng méi, well déi véier gréisst Parteien praktesch déi selwecht Meenungen vertrieden an gläichzäiteg d’Medien beherrschen. Gëtt et eis Demokratie nëmme nach um Pabeier?

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert