Op der éisterräichescher Internetsäit presse.com stoung haut (10.02.13) dëss Statistik iwwer d’Nettobezueler an der Europäescher Unioun (ech hunn dëss Lëscht dem Bäitrag pro Kapp no ëmsortéiert) :
« Oesterreich und Co. : Wer die Nettozahler sind. »
Land Saldo pro Kapp an Euro an % vum BIP
Dänemark – 150,5 0,34
Lëtzebuerg – 146,5 0,24
Schweden – 140,8 0,33
Holland – 132,9 0,36
Belsch – 125,1 0,36
Finnland – 121,3 0,34
Däitschland – 110,1 0,34
Frankräich – 98,5 0,31
Italien – 97,9 0,38
Eisterräich – 95,8 0,27
Vereenegt Kinnekräich – 89,1 0,32
Wann dëss Statistik sollt richteg sinn, wären d’Lëtzebuerger also déi zweetgréisst Nettobezueler pro Kapp an der EU (gerechent wahrscheinlech op d’Gesamtpopulatioun vum Land).