La langue est le signe principal
d’une nationalité et devient l’âme même de la nation (Jules Michelet)
Am Interview am Lëtzebuerger Wort vum 1.Februar 2013 schwätzt de Minister Etienne Schneider vun « drei offiziellen Sprachen ». Hee plädéiert dofir, datt en Auslänner de Lëtzebuerger Pass och soll kréien,wann hee kee Lëtzebuergesch kann, ower entweder Franséisch oder Däitsch.Well,sou mengt den Här Minister, Franséisch an Däitsch wiere jo « offiziell » Sproochen hei am Land . Mä do iert den Här Minister !
Am Sprooche gesetz vum 24.Februar 1984 steet am Artikel 1 : La langue nationale des Luxembourgeois est le luxembourgeois. Am Artikel 2 gëtt gesot,datt souwuel Lëtzebuergesch wéi och Franséisch an Däitsch administrativ Sprooche sinn. Mer hunn also dräi administrativ Sproochen ,vun « offizieller Sprooch » steet néirewou eppes.Domat kippt dat Argument,datt en Auslänner fir de Lëtzebuerger Pass kënnen ze kréien ,just eng vun den dräi « offizielle »(sic) Sproochen misst kënnen.
Ech verstinn net,firwat vill Politiker eis Nationalitéit einfach wëlle bradéieren .Wann ee gären eppes hätt,da soll een och bereet sinn,eppes dofir ze maachen !Datt Leit hei jorzingtelaang schaffen, bzw. wunnen an net emol e bësse Lëtzebuergesch schwätzen, sech esouguer strikt weigeren, dat ze maachen, ass allerhand (do gëtt et der och drënner,déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn). Esou eppes gëtt et a kengem anere Land !
Fir mat bei de Parlamentswahle wielen ze däerfen,soll een d’Lëtzbuerger Nationalitéit mussen hunn.Haut kënnen iwwregens di meescht Auslänner och nach hir Nationalitéit derbäi halen.Dat ass Faveur genuch !Déi,bei deenen d’Duebelnationalitéit net méiglech ass,mussen eben entscheeden,wat fir si méi wichteg ass. Et kann een net op zwou Hochzäiten danzen,sou ass et an der Regel.
Dobäi ass et jo bestëmmt kee Problem ,Lëtzebuergesch ze léieren,besonnesch well d’Ufuederungen op den Niveau A2 sollen erofgesat ginn,an et méiglech soll sinn ze kompenséieren.Kruten a kréien d’Lëtzbuerger Auswanderer och esou Conditiounen ?
D. Beffort