CSV-Hobby Rentenklau!

Zënter lo schonn 20 Joer geet d’CSV – a besonnesch och den Här Juncker  – ëmmer nees Suën an d’Pensiounsfongen vum Privatsecteur „klauen“ fir de Staatsbudget ze sanéieren. Zënter 1993 bis haut sinn dat ongeféier 750 Milliounen Euro. Ouni dat lo ganz genee nogesicht ze hunn, mee dat kënnen anerer och bestëmmt vill besser wéi ech, hei mol eng provisoresch Lëscht déi bestëmmt nach muss corrigéiert a completéiert ginn:

1993: „Préretraite“ gëtt net méi vum Fonds pour l’emploi bezuelt, mee zum Deel vun de Pensiounskeesen; 

2002: de „revenu d’attente“ fir ageschriwwe Chômeuren muss vun de Pensiounskeesen un de Fonds pour l’emploi bezuelt ginn;

2003: 130 Milliounen Euro ginn aus de Pensiounskeesen erausgeholl an transferéiert fir den Defizit vun de Krankekeesen ze bezuelen;

2005: Verwaltungskäschten vum Staat bei de Pensiounskeessen mussen vun de Keessen bezuelt ginn;

2006: Babyjoeren an Unfallrenten mussen zum Deel vun de Pensiounskeessen bezuelt ginn.

De Problème vun der Rentemauer ass also zum Deel vun der CSV mat provozéiert ginn, well si sech ëmmer nees an de Pensiounskeessen servéiert huet.

Mee mat denen 750 Milliounen Euro ass den Appetit vun der CSV op d’Suen an de Pensiounkeessen nach laang net riwwer. Hiren Nowuesspolitiker, den Här Serge Wilmes, huet den 31. Juli am Wort en Artikel mam Titel „Zurück in die Zukunft“ publizéiert, an dem hien proposéiert lo och nach de ganze Rescht ze huelen. Den Här Zauberléierbouf proposéiert – op am Optrag vu sengem Hexemeeschter oder net ass am Abléck nach net gewosst – fir aus denen Suen e lëtzebuergeschen Staatsfonds ze maachen, euphemistesch fir dat d’Leit et och schlécken en „Zukunftsfonds“. 

E Staatsfonds ass dat hei:     http://de.wikipedia.org/wiki/Staatsfonds,   an den Här Wilmes schreift:

Nur der staatliche „Fonds de compensation“, der die Ueberschüsse der Rentenbeiträge verwaltet, entspricht bis dato den Kriterien eines Staatsfonds und könnte entweder Teil eines globalen Zukunftsfonds werden oder in einen eigenständigen umgewandelt werden.“

Wonnerbar, Här Wilmes!! An d’Pensiounen? Mat wat ginn déi bezuelt?

D’Fro ass net schlecht, och wann si vu mir ass, well den Här Wilmes proposéiert mat dem Geld ënner anerem: „die angehäuften Reserven im Falle eines wirtschaftlichen Tiefs gezielt anti-zyklisch einzusetzen“. A fort sinn se!  

Mee den Här Wilmes tréischt eis gläich:

„Die Finanzierung gegenwärtiger und künftiger Ansprüche wie zum Beispiel den Renten, ist überdies angesichts des defizitären Zustands der öffentlichen Finanzen, einer stetig steigenden Staatsverschuldung und einer stagnierenden Wirtschaft alles andere als gewährleistet.“

Ech iwwersetzen op Lëtzebuergesch: d’CSV (déi Hären Juncker a Frieden) hunn de Budget geplëmmt an eis Land héich verschëllt. Dofir huele mir lo d’Suën aus de Pensiounskeesen fir sou weiderzemaachen wéi bis elo. Den Här Wilmes  mengt zwar mir sollten déi Suen gutt investéieren, mee als CSV-Politiker mengt en domadder wahrscheinlech Las Vegas an de Casino zu Monaco.

Jiddefalls ass d’CSV zimlech entspaant wann et ëm de Leit hir Suen an hir Contributiounen an d’Pensiounskeessen geet. Hei nach eng héich-confidentielle live- Opnam vum leschten CSV-Kongress an der Diskussioun iwwer d’Staatsfinanzen:

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert