Mir feieren mat der Erënnerung un dem Här Martin Luther King seng Ried vun 1963 net nëmmen eng groussaarteg rhetoresch Leeschtung, mee och een vun den Héichpunkten vun der Geschicht vun der politescher Moral. Déi Ried huet hir Generatioun inspiréiert, an et ass ze hoffen, datt si nach vill weider Generatiounen genee sou begeeschtert.
Dem Dr. King seng Inspiratiounsquellen sinn a bleiwen och fir ons wichteg Referenzpunkten. De Mahatma Gandhi sëcher, mee och a virun allem d’Bibel an d’Kraaft vum Glaawen, déi dem Dr. Martin Luther King bei senger Sich no Fridden a Gerechtegkeet ënner de Mënschen de Wee gewisen hunn. Wéi sou vill aner grouss Leit virun him konnt hien awer och op de Schëlleren vu Giganten stoen, oder och an hirem symbolesche Schiet, wéi hien et selwer ausgedréckt hat, zum Beispill den vun engem Abraham Lincoln.
Haut ass et jo modern, dat ze verleegnen wat de Glaawen Positives bréngt an dat ze ignoréieren wat Amerika eis an aneren u Fräiheet a geeschtege Wäerter geschenkt huet.
Mee mir erënneren eis mat Dankbarkeet un den Här Dr. King als e grousse Fräiheetskämpfer an un all déi, déi säi Wee mat goungen an dacks gelidden hunn. Mir vergiessen och net d’Madame Rosa Parks vu Montgomery an sou vill anerer déi Ongerechtegkeeten mat Courage entgéintgetruede sinn.
Den amerikaneschen Dram ass keen materiellen Usproch, mee en ass dee staarken Opruff fir dat ze sichen an dofir ze kämpfen wat matt eis héchste Gidder sinnn: Fräiheet a Gerechtegkeet. Amerika huet 1963 eng Revolutioun erlieft – vläicht déi eenzeg wäertvoll Revolution am Westen an de 60er Joeren.
Déi Revolutioun ass eenzegaarteg. Si huet dee ville Schiet an Amerika gewisen, de Rassismus an d’Brutalitéit , an eis awer och nees d’Gréisst vun där Natioun nei entdecken a bewonnere gelooss. Si huet vill Leit inspiréiert fir och hir Fräiheet ze sichen a fir si anzestoen: am Ostblock wéi am Südafrika vun der Apartheid.
Kee soll haut vun Diskriminatioun an Apartheid schwätzen fir d’Onrecht vu gëschter fir seng Propaganda vun haut ze mëssbrauchen. Et gëtt eng Wouerecht an der Geschicht, eng Authenzitéit an Eenzegaartegkeet vun all Situatioun déi all Kéiers en eegene Numm dréit, an dat ignoréieren heescht d’Affer net respektéieren.
Den 28. August 1963 wor eng staark Stonn, net nëmmen fir Amerika, mee fir d’Welt. En Zeechnis vu Glaawen u Gott an vun Hoffnung an d’Demokratie vun de Mënschen. E Bekenntnis virun allem zu denen groussen politeschen Prinzipien an net nëmmen eng Sich no materieller Besserstellung.
En amerikanesche Paschtouer aus Atlanta huet eis all e grousst Geschenk gemaach.
Merci, Dr. Martin Luther King!
http://fr.wikipedia.org/wiki/Martin_Luther_King