An den internen Direktiven vum Wort (dat heescht all Mënsch huet se) steet ënner anerem dat hei :
« Identité chrétienne : de tendance catholique, les médias de SPL s’efforceront de faire valoir, dans les commentaires notamment, les valeurs d’une culture chrétienne dans le pluralisme sociétal.
(…)
L’inspiration chrétienne, à décliner en fonction des différents supports médiatiques, rapproche les médias de SPL des acteurs sociétaux défendant les mêmes convictions et valeurs ; en ce sens il n’existe pas d’équidistance vis-à-vis des acteurs sociétaux. »
Mat sou engem Text gëtt also d’Parteilechkeet vum Wort a vu Saint Paul justifiéiert an imposéiert. Mä den do Raisonnement leid un engem fundamentalen Denkfeler : kathoulesch Medien därfen ganz sëcher keng Aequidistanz zu Wäerter a Positiounen hunn, si mussen awer eng Aequidistanz géintiwwer « acteurs sociétaux » a besonnesch de politesche Parteien hunn.
Wichteg ass nämlech wat d’acteurs sociétaux – an ënnert hinnen nes besonnesch d’Parteien – soen a maachen. A priori kann een jo net ausschléissen, dat och mol déi Lénk oder d’LSAP gengen eng Positioun vertrieden déi mam kathoulesche Glaawen kéint am Aklang stoen. Op där aner Säit wär et awer ëmgekéiert och denkbar dat eng CSV oder eng ADR vläicht Saache genge soen oder maachen déi net kéinten vu Katholiken akzeptéiert ginn.
Eng kathoulesch Kierch – wéi all aner Glaawenscommunautéit – muss politesch onofhängeg sinnn fir hir Zeechnes kënnen glaafwierdeg ofzeleeën. Si därf sech net un eng Partei bannen, mä just nëmmen un hire Glawen. Si muss all Partei an hir Positiounen aus der Perspektiv vum dem Glaawen beuerteelen an net aus der Perspektiv vu festen Allianzen, « presse amie », finanzielle Verstréckungen oder politescher Kumpanei.
Wéi ech schonn an engem aneren Artikel gesot hunn, ass déi aktuell Subordinatioun vum Aerzbistum Lëtzebuerg ënner d’Autoritéit vun der CSV fir d’Glafwierdegkeet vun der Kierch am héchste Moos schiedlech.
Ech fuerderen den Aerzbëschof Hollerich an de Generalvikar Gillen op fir endlech fir eng glaafwierdeg kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg anzestoen a net méi als CSV-Vasallen ze figuréieren. Déi kathoulesch Medien hunn kathoulesch Positiounen zë ënnerstëtzen, wen och ëmmer déi vertrëtt !