Wou steiert eis Gesellschaft hin?

Am Kader vun der Debatt iwwer d’Homo-Bestietnis warnen déi Leit déi méi wäit kucken wéi nëmmen bis bei déi nächst Walen ëmmer rëm virun eventuellen weideren Entwécklungen déi zum Demontage vun eisen traditionnellen, gesellschaftlechen Strukturen féieren. Wann d’Bestietnis bis fir homosexuell Koppelen opgemaach gëtt, dann ass et extrem schwiireg fir sech aneren Fuerderungen nach an de Wee ze stellen. Well wen d’Homo-Bestietnis just mat emotionalen oder anti-Diskriminatiounsargumenter justifizéiert den huet keng Verdeegungslinnen méi géintiwwer aneren a nach méi extremen Fuerderungen, wéi zum Beispill déi no der Polygamie oder der Polyandrie. Jiddereen den sech gär huet, därf sech jo dann sëcher och bestueden, soss ass en jo « diskriminéiert ».

Och d’Gender-Theorie, déi jo vun der lëtzebuerger Regierung a vun der EU ganz offiziell a systematesch ënnerstëtzt gëtt, brengt extrem Geforen fir eis Gesellschaft mat sech. D’Gender-Theorie negéiert d’Natur an d’Biologie vum Mënsch fir déi sexuell Identitéit just nëmme nach als e fräi wielbaren sozialen Konstrukt ze beschreiwen.

Op dëser Plaz wëll ech einfach mol opweisen, wat do alles a nächster Zukunft ka kommen (an ech wärt dësen Artikel ëmmer dann aktualiséieren, wann ech eng nei Entwécklung gesinn).

Polygamie a Polyandrie

Wéi bekannt, schreiwen déi lëtzebuergesch « Gréng » hir Wahlprogrammer jo bal komplett vun hirer däitscher Schwësterpartei « Bündnis 90/Die Grünen » of. Dofir ass et ëmmer interessant fir ze kucken wat déi Säit der Musel geschitt. An an denen däitschen Gréngen hirem « Bundestagswahlprogramm 2009 » stet zum Beispill :

« Realitäten anerkennen
Das derzeitige Familien- und Kindschaftsrecht deckt weder die Vielfalt noch die Veränderlichkeit der vielfältigen Familien¬formen ab. Patchworkfamilien, in denen Kinder mit mehr als zwei erwachsenen Bezugspersonen aufwachsen, oder gleich¬geschlechtliche Regenbogenfamilien sind bislang weitgehend unberücksichtigt. »

Do froen ech mech, ob déi Referenz op « mehr als zwei erwachsenen Bezugspersonen » net
schonn als eng Ouvertür a Richtung Ploygamie oder Polyandrie muss gelies ginn. Wann all déi Erwuessen sech gär hunn, firwat sollten si sech da net all mateneen därfe bestueden? A schliesslech gëtt et jo och an enger Rei vun europäesche Staten gewësse  Communautéiten déi schonn fir eng Unerkennung vun der Polygamie militéieren.

Déi lénk/gréng Zeitung woxx huet den 7.2.2013, zur Geleeënheet vum Vältesdag  (!),  ën Artikel iwwer d’Polyamorie publizéiert. Niewent Villem wat ech hei net wëll am Detail analyséieren, heescht et: „Auf institutionneller Ebene ist für Personen in Mehrfachbeziehungen vieles ungeklärt, etwa was das Sorgerecht für Kinder oder das Erbschaftsrecht betrifft“. Meng Interpretatioun ass, dat de Staat lo soll , nom Homo-Bestietnis, och denen poly-amourösen Bezéiungen e legale Kader ginn.

 

 
Pädophilie

Eng aner Tendenz ass d’Neigebuert vun der Pädophilie, dacks ënnert dem Numm «intergenerational intimacy ». Konform zur « Gender Theorie » gëtt well och d’Kandheet net méi einfach als eng biologesch Realitéit akzeptéiert, mä als e « sozialt Konstrukt » an et därft een, sou behaapten d’Protagonisten vun där Richtung, d’Kanner net dovun ofhalen hir Sexualitéit ze liewen an sech „sexuell auszedrécken“. An dem Zësummenhank verweisen ech zum Beispill op den Artikel um Spaweck vun der Madame Professer Anne Hendershott « The Postmodern Pedophile ». D’Madame Hendershott erzielt, ënner anerem, dat am Joer 1990 den “Journal of Homosexuality” eng extra Zeitung mam Titel “Inter-generational Intimacy” iwwer Sex tëschent Erwuessenen a Kanner publizéiert hätt. Den Här David Thorstad, fréiere President vun der New Yorker “Gay Activists Alliance” an e Grënnungsmember vun der Nordamerikanescher “Man/Boy Love Association” (NAMBLA),  hätt do drann geschriwwen dat “Jongeléift” (“boy love”) haut an all Géigend geng geschéien.
Dat feministescht Theaterstéck “The Vagina Monologues,” dat jo och zu Lëtzebuerg ëmmer nees gewise gëtt, géng a sénger Originalversioun d’Erwuesseginn vun engem Meedchen vun 13 Joer doduerch beschreiwen, dat hatt eng sexuell Relatioun mat enger Fra vu 24 Joer huet. Haut wär a verschiddene Versiounen den Alter vum Meedchen op 16 Joer ropgesat ginn.
Politesch gouf et schonn eng Rei vu Versich fir d’Pädophilie ze legaliséieren. An Holland gouf et vun 2006 bis 2010 eng Partei fir « Nächsteléift, Fräiheet an Diversitéit » (Partij voor Naastenliefde, Vrijheid en Diversiteit, PNVD) déi den legalen Alter fir sexuell Bezéiungen vu 16 op 12 Joer wollt rofsetzen.
Déi Gréng haten no der Revolutioun vun 1968 bis an d’uechtzeger Joeren eng féierend Roll bei der Fuerderung vun der Legaliséierung vun der Pädophilie. An Däitschland hat besonnesch den Här Volker Beck – en Homosexuellenaktivist den haut nach am Deutschen Bundestag ass – sech vehement dofir ausgeschwat. An den 80er Joeren huet hien sech awer dunn vun dene Fuerderungen distanzéiert.
En aneren Gréngen, den Här Daniel Cohn-Bendit, den haut nach am Europaparlament siégéiert, huet seng pädophil Erfahrungen den en als « Kindergärtner » geflegt huet, op der Televisioun erzielt – mat Genoss an offensichtlech ouni eng Spur vu schlechtem Gewëssen :

Wann ech sou decidéiert dofir plädéieren fir d’Bestietnis net fir homosexuell Koppelen opzemaachen, dann ass dat aus enger ganzer Rei vu Grënn. D’Wuel vun de  Kanner natierlech un éichter Plaz, mä och de Schutz vum Bestietnis als Institutioun vum Stat déi eng prokreativ a wichteg sozial Roll fir déi heterosexuell Fammilljen virgesäit a si dowéinst protegéiert.

Wann d’Bestietnis a senger Bedeitung denaturiséiert gëtt an d’Gender-Theorie net endlech offiziell zréckgewise gëtt, dann ass et a mengen An nëmme nach eng Fro vun der Zäit bis aner Fuerderungen op eis Gesellschaft duerkommen, wéi zum Beispill déi , déi ech hei rappelléiert hunn. Ech hunn nämlech näicht erfonnt, mä just u verschidde Saachen erënnert.

Iwwregens hat ech an der Chamber den Här Bausch gefrot wéi déi Gréng zur Polygamie stinn. Op déi Fro huet hien eng evasiv Aentwert ginn. Ech waarden haut nach op eng kloer Ausso vun denen Gréngen zu dem Thema.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Grondsätzleches, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert