E Lieserbréif vum Här F. Watgen zum Thema Nationalitéit a Wahlrecht

Nationalitéit a Wahlrecht

 

A Frankräch wielen d’Fransousen, an Däitschland déi Däitsch, zu Lëtzebuerg d’Lëtzebuerger…bis elo !

Soll dat  elo anescht ginn?  Am Kader vun der Debatt iwwer d’ Upassung vum Nationalitéitsgesetz gëtt hefteg doriwwer diskutéiert.

Fir Lëtzebuerger ze ginn –also fir d’Recht ze hu wielen ze goen – gëtt et zwee Kritären:

-Déi virgeschriwwen Openthaltsdauer zu Lëtzebuerg, déi elo op 5 Joer erofgesat gëtt; déi Openthaltdauer kann ënnerbrach ginn.

-Bleift den heikle  Problem “Lëtzebuergesch” mussen ze kënnen.Vun den 43 % Auslänner am Land schwätzt nëmmen e klengen Deel eis Sprooch. Wéisou ?

Wann een  an e friemd Land wëllt wunne goen, da stellt een sech natierlech d’Fro,wéi d’Sprooch vun deem Land ass… oder net?

Et géif ee mengen, a 5 Joer hätt een Zäit, déi berühmt 2000 Wierder an Ausdréck ze léieren (vläicht esouguer nach manner) , fir eis Sprooch kënnen ze schwätzen. Et schéngt net! Bequeemlechkeet ? Feelt et um Respekt virum Land, dat een ophëlt ?

Et muss een natierlech ënnerscheeden tëschent Leit, déi a längerem Kontakt mat Lëtzebuerger sinn, an deenen déi et net sinn.

Vun engem bestëmmte Bildungsniveau un, däerft bei den éischtgenannte Leit kee Problem sinn, esouguer wa kee Cours besicht gëtt. De Kontakt mat äis géif dee Problem während der virgeschriwwener Openthaltzäit léisen…oder net? Feelt de gudde Wëllen?

Leit, déi ni a Kontakt mat äis kommen, hunn et natierlech méi schwéier (Bauaarbechter…).Wann de gudde Wëllen awer do ass, da geet een entweder an e Cours (1) oder et streckt een d’Nues an eng vun de ville Léiermethoden, déi et ze kafe gëtt (2). Dat ka jiddereen, wann e wëllt. De Chef vun enger Entreprise misst iwwregens seng Leit op d’Wichtegkeet heivun hiweisen.Hei kënnt dann den Niveau vum Sproochentest e bëssen erofgesat ginn.

Vu Grenzgänger, déi mueres hei an eng friem Bank schaffe kommen an owes nees heemfueren, kann een net zevill  verlaangen. Obwuel, wann se jorelaang hierkommen , kënnten se Rücksicht op d’ lëtzebuerger Clientèle huelen !

D’Sproochfuerderung muss bleiwen, mat de genannten Nuancen.Weem dat net aliicht, dee soll sech d’Naturalisatiounsbedingungen an Däitschland ukucken…

Fir un de Chamberwahle kënnen deelzehuelen, sollt et d’Bedingung bleiwen, datt een d’lëtzebuerger Nationalitéit huet.

Fernand Watgen

 

(1)     Samsdes, wann et an der Woch net méiglech ass, oder während de Congésdeeg.

Gëtt vläicht och Lëtzebuergesch an de gesetzleche Fräistellungsdeeg enseignéiert ?

(2)     Z.B.”Ass alles an der Rei”, Lëtzebuergesch fir de Beruff an den Alldag”

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik, Sproochen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert