ADR Walprogramm

Haut wor en interessanten a wichtegen Dag um Wee vun der Viirbereedung op d’Walen. D’ADR huet en éichten Deel vun hirem Walprogramm ugeholl mat de Kapitelen Aarbechtspolitik, Baussepolitik, Entwécklungshëllef, Mënschen mat enger Behënnerung, Verdeedegungspolitik, Gesondheetspolitik, Kultur, Liewensowend, Mobilitéit an Transport, Rechtsstaat an Demokratie, Reliounen a Staat an natierlech och Rentepolitik.

Déi nei Kapitelen ersetzen lo geschwënn déi betreffend Dispositiounen aus dem Wahlprogramm vun 2009.

Et woren Diskussiounen an enger ausgezeechenter Stëmmung an op engem héige Niveau. Sou mecht Poltik einfach Freed!

D’ADR ass och ëmmer houfreg ze gesinn, datt déi Iddien déi si entwéckelt vun anere Parteien opgegraff ginnn. D’CSV huet zum Beispill an der Lescht probéiert fir e puer Iddien vun der ADR ze kopéieren fir d’Aarbecht vun denen Elteren déi haaptsächlech Erzéiungsaarbecht leeschten besser unzerkennen. Wéinstens gouf dat mol an e puer Zeitungsartikelen ugekënnegt. Bis elo ass awer iwwerhaapt nach näicht geschitt! De groussen Ennerscheed tëschent der ADR an der CSV ass nämlech den, datt déi familljefrëndlech Propositiounen an der ADR allgeméng ugeholl an gedroen ginn, net awer bei der CSV. Bei ville Parteibonzen vun denen Chrëschtlechsozialen –  dat sinn déi mat engem ganz, ganz  klengem „c“-  hunn d’Familljen, a speziell d’Mammen déi sech wëllen em hir Kanner këmmeren, näicht méi zegutt. Bei der cSV gëllt eng Fra nëmmen dann eppes wann si „schaffe geet“, sou als wär d’Aarbecht doheem manner wärt!

Dat weist och d’Geschicht vun der Mammerent: si gouf vun der ADR gefuerdert, an et ass duerch d’ADR datt de Bezuchsalter op 60 an net op 65 festgeluegt gouf! D’cSV an d’LSAP hunn awer an dëser Legislaturperiod den Bezuchsalter nees op 65 Joer ropgesat. Och dat weist däitlech, datt d’cSV keen Härz fir d’Mammen huet.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert