AfD: eng Rei vu pertinente Froen!

Déi nei däitsch Partei „Alternative für Deutschland“ ass e ganz interessanten Phänomen.  Och wann ech net mat alle Formuléierungen ganz d’accord sinn, fannen ech awer datt hei an dësem Spot eng ganz Rei vu wichtegen a richtegen Froe gestallt ginn: 

 

Ech mengen, datt vill vun dëse Froen och ganz gutt op eist Land passen. Déi gréng, rout, lénk an aner Extremisten an Däischland probéieren natierlech d’AfD an dee „rietsen Eck“ – am Sënn vun engem Rietsextremismus  – ze drécken. Ech kann awer net erkennen, wat un dësen Aussoen sollt  extremistesch sinn.

Jiddefalls denken ech och, datt et vläicht fir Griicheland kéint ganz gutt sinn  fir eng Zäit aus der Eurozon eraus ze goen. Mir musse kucken, wéi d’Situatioun sech an denen nächste Méint entwéckelt. Och ech denken, datt d’Währungsunioun soll aus dene Länner bestoen, déi gesond Finanzen hunn. Och ech sinn fir eng gesteiert a kontrolléiert Immigratioun an net fir eng allgemeng Oppenheet. Och ech si  géint Scholden a fir ën equilibréierte Staatsbudget. Och ech si géint e supranationalt a federalt Europa a fir staark Nationalstaaten an engem Europa vun de Natiounen. Och ech sinn dogéint, datt an Zukunft nach Banken mat Steiersuen gerett ginn.

An Däitschland ginn ech net mat wielen. Mee heiheem gëtt et Gottseidank och eng Alternativ Partei  fir Lëtzebuerg.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert