Wéivill Franséisch kann eis Léierpersonal nach?

Em dëss Zäit kréien d’Elteren apaart vill Broschüren a Bréiwer vum Léierpersonal. Dat ass jo u sech eng gutt Saach – wann net zënter Joeren tendenziell ëmmer méi Feler géngen do dra stoen.

Zënter ville Joren gëtt kann an eise Schoulen „kompenséiert“ ginn. Dat ass mat dee gréisste Feler den jemools an eise Schoulsystème ageféiert gouf. Vill vun dene Schoulmeescheren a Léierinnen vun haut si schonn duerch eis Kompensatiounsschoul gaangen, mat dem Resultat dat mir haut ze liese kréien.

Fréier woren eis Schoulmeeschteren an eis Léierinnen zwar keng Bacheloren an der héiger Edukatiounswëssenschaft, mee dofir konnten si awer e Bréif schreiwen. Fir Franséich an däitsch Grammatik wor de Schoulmeeschter d’Referenz, déi onbestridden Autoritéit am Duerf, an haut?  Haut kréie mir all schrëftlech de Bewäis an d’Haus, datt eis Schoulen einfach näicht méi bréngen. Wéi sollen eis Kanner nach eppes léieren, wann d’Léierpersonal schonn net méi genuch wees?

E Kolleeg aus enger vun denen 106 Gemengen am Land huet mir sou eng Broschür an d’Hand gedréckt. Wann ech sou eppes liesen, sinn ech nëmme nach verzweifelt. 

„Pour nous, l’opinion des enfants est important,“

„(…) il est important d’apprendre (…) et éviter (…)“

„enfants ayant fréquentes l’année passée“

„Cette gestion (…) a donc simplement été intégré“

„ex éco“ (dat soll „ex aequo“ heeschen) 

Fir déi lescht Juncker-Delvaux-Schoul“reform“ ze akzeptéieren, also déi bewossten a viirsätzlech Destruktioun vun der Primärschoul, hunn d’Schoulmeeschter als CSV-Walcadeau 1.000 Euro an der Pai bäikritt. 

Dat eis Kanner näicht méi an nach manner kënnen ass eng vun den Haaptuersaachen vum Chômage.  Wen engagéiert e Kader oder eng Sekretärin déi nët méi schreiwe kënnen? A wéivill jonk Leit mellen sech haut an Examen fir d’Fonction publique ouni genuch Sproochen ze kënnen? 

Fir mech ass kloer: zréck an den ale Système, wech vun de Kompetenzen, et gëtt näicht méi ze kompenséieren, zréck bei d’Punkten, Schluss mam „nivellement vers le bas“ an der héiger  Wëssenschaft vun der Edukatioun.  

Gutt Schoulmeeschteren, Leeschtung, léieren, Freed un der Aarbecht an Disziplin, dat woren virun 2.000 Joer d’Rezepter vum Erfolleg a si sinn et och haut nach! D’Schoul retten heescht d’Grondschoul op de Mound schécken an d’Primärschoul nees aféieren!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert