D’DP-Schoupolitik: Huelfloskelen amplaatz e Géigekonzept!

Déi bis elo gréissten Oppositiounspartei – bis d’LSAP sech op eemol och zur Oppositioun bekannt huet – huet keng Alternativ zu den Juncker-Delvaux-Schoulreformen. Den traurege Constat huet een no der rezenter Presskonferenz vum Här Bauler am Numm vun der DP misse maachen.

Op „tageblatt.lu “ stoung et ze liesen ( op wort.lu stoung awer näicht doriwwer, well déi brénge nëmme nach Reportagen iwwer dem Här Juncker säin Hond):

Die bereits gestimmten Reformen will man aber nicht wieder rückgängig machen, sondern abändern. Was den Sekundarunterricht betrifft, wo sich derzeit ein Gesetzesentwurf auf dem Instanzenweg befindet, plädierte Bauler für eine detaillierte Problemanalyse.“

Am Eecht, ass dat do alles? Mir stinn virun enger riiseger Bildungskatastroph an d’DP léisst d’Gesetzer einfach stoen ? Soll dat ieren hiert  „Géigekonzept“ sinn?

D’DP plädéiert also fir:

– eng Problemanalys iwwer d’Sekundarschoulreform. Déi ass awer total iwwerflësseg well där gëtt et der schon op d’mannst 1.000. D’Proffegewerkschaften hunn do eng Super-Aarbecht geleescht!

– eng beser didaktesch Formatioun vun den Enseignanten. Ech mengen déi ass och lo schonn guer net schlecht!

– nach méi Suën? Falschen Usaz! Mir kréien och mee Qualitéit fir manner Geld.

– besser Schoulbicher? Mengetwegen, mee do läit de Problème wierklech net. 

Iwwer e puer Iddien kann een diskutéieren. Well och d’ADR vertrëtt d’Iddien vun méi Autonomie fir d’Schoulen, vu Schouldirekteren a si verlaangt Sproochekompetenzen ier een kann an eng lëtzebuergesch Schoul era kommen.  

Awer gëschter hat ech schonn op dësem Blog opgeschriwwen wat de richtege Wee ass fir besser Schoulen:  zréck an den ale Système, wech vun de Kompetenzen, keng Kompensatioun, zréck bei d’Punkten an d’Zensuren, Klassen amplaatz Zyklen, Schluss mam “nivellement vers le bas”.

Dat kascht näicht a bréngt wonnerbar a positiv Resultater! Jiddefalls ass et wierklech e „Géigekonzept“. D’DP probéiert sech mat Huelfloskelen laanscht eng einfach Wouerecht  ze drécken: si ass prinzipiell mat der Juncker-Delvaux-Linn d’accord. D’Situatioun an der Schoulpolitik ass also eng ganz einfach: all Partei ausser der ADR mecht virun mam der Zerstéierung vun der lëtzebuerger Schoul. Ech wees net wéivill Joer et nach dauert, mee iergend wéini denken d’Leit mat Nostalgie un eis fréier Schoul zréck a froen sech firwat mir déi zerstéiert hunn?

Déi Leit déi lo scho verstinn, datt d’Reformen vun denen leschte Joeren grondfalsch waren, wielen hoffentlech d’ADR!   

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert