An enger Mass gëtt net geklappt!

Well ech jo als Konservative vu vir-virgëschter sinn (an dat mat ganzem Häerz a voller Freed!!) reegt et mech schrecklech op, wa souguer eise Klerus déi helleg Mass mat engem Theater verwiesselt.

Aanecht wéi déi Hären Paschtéier hunn ech eng ganz decidéiert Meenung: an enger Mass gëtt net geklappt!  Och net fir engem Orchester oder engem Museker Merci ze soen – egal wéi gutt e gespillt oder gesongen huet. Well d’Musek an der Mass déngt der Liturgie an huet zum Zweck fir zur Verherrlechung vu Gott bäizedroen a si ass kee Concert fir d’Ennerhalung vun dë Mënschen. Idealerweis ass déi liturgesch Musek selwer e Gebiet oder si invitéiert zum Bieden. Musek déi an den Theater oder op eng Opernbühn gehéiert, huet an enger Kierch – am Kader vun enger Mass – absolut näicht verluer. Dofir awer z.B. de gregorianesche Gesang!

Wat während Joerhonnerten selbstverständlech wor ass haut scho bal e revolutionäre Gedanken: déi helleg Mass eecht huelen, si net trivialiséieren a net banaliséieren. Net de Mënsch steet am Mëttelpunkt vun der Mass, mee den Härgott, net de Paschtouer oder d’Gemeinschaft vun de Gleewegen, mee d’Affer vu Jesus Christus.

Vill Memberen vun eisem Klerus huelen et mat der Liturgie souwisou net sou genee – sie bieden beim Affergebiet nach ëmmer déi falsch „fir all“- Form amplaatz déi richteg „fir déi vill“ – Form. Dat ass natierlech eppes fir Leit déi sech fir d’Saach interesséieren, mee wichteg ass et festzehalen, datt déi lëtzebuergesch kathoulesch Kierch sech och an dem do Punkt net ëm d’Meenung vum Poopst këmmert. Fir kathoulesch Geeschtlecher en Aarmutt!  

Verschidde Geeschtlech verstinn anscheinend net, datt si déi ganz Kierch a sech selwer mat a Fro stellen, wann si d’Mass net eecht huelen a si permanent entweien.   Mir perséinlech deet et leed, datt d’Péitrus-an d’Piusbrudderschaften net hei am Land vertruede sinn, fir datt ee mol nees kënnt an eng richteg Mass goen. 

E schlecht Gewëssen schéngen eenzel Geeschtlecher awer nach heiansdo ze hunn, z.B. wann si erklären e „Nessun dorma“ gär an enger Mass ze héieren well jo dën „All’Alba vincero!“ e Message vum Glaawe wär, d’Sonn kënnt a verdreift d’Nuecht, een Zeechnis vun der Operstéiung …

Dat ass jo schéin a gutt, mee sou Analogien fënnt een uerchter d’ganz Welt, bekannt zum Beispill och aus dem neiséilänneschen Maori Hakaen. 

Et ass secher nëmme nach eng Fro vun der Zäit bis dann och sou Dänz an eise Kierchen opgeféiert ginn, d’Paschtéier klappen a mengen si hätten domat e Stéck Toleranz a Weltoppenheet demonstréiert. A Wierklechkeet froen d’Leit sech awer just, ob se net besser hätten fir gläich an den Theater ze goen.  

Eng kathoulesch Kierch déi dem Zäitgeescht noleeft ass net ze retten. Si huet sech selwer opginn.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert