Déi Jonk Gréng an déi Lénksextrem

Fir Leit déi eventuell nach ën Ennerscheed tëschent Knallrout a Gréng maachen, ass  hei eng interessant Internetsäit: déi däitsch Jonk Gréng maachen bei enger „Outing“-Aktioun fir Lénksextremer mat a sinn zu dem Zweck vernetzt mat der „Linksjugend“.

 http://www.gruene-jugend.de/node/17335

Do heescht et: „ Bis zur Veröffentlichung des diesjährigen Verfassungschutzberichts rufen die Initiator_innen dazu auf, sich im Internet als linksextrem zu outen. Gestartet wurde die Aktion von der Linksjugend [’solid] und der Grünen Jugend.“

An dem Artikel ginn si och ënner anerem zou, datt verschidden vun hire Memberen vum Verfassungschutz observéiert goufen:

In Niedersachsen wurden einzelne Mitglieder der Grünen Jugend vom Verfassungsschutz beobachtet, wie letztes Jahr herauskam.“

Lo ass Lénksextremismus jo näicht harmloses. Wikipedia zitéiert eng Definitioun vum Verfassungsschutz:

„Unter dem Begriff Linksextremismus erfassen die Behörden deutschsprachiger Länder und Staaten Gegner grundlegender Verfassungsprinzipien aus dem Lager der politischen Linken. Gemäß dem Bundesamt für Verfassungsschutz richten Linksextremisten:

„… ihr politisches Handeln an revolutionär-marxistischen oder anarchistischen Vorstellungen aus und streben anstelle der bestehenden Staats- und Gesellschaftsordnung ein sozialistisches bzw. kommunistisches System oder eine „herrschaftsfreie“ anarchistische Gesellschaft an. Hierzu bringen sie sich in gesellschaftliche Proteste ein und versuchen, diese in ihrem Sinne zu instrumentalisieren. Die Aktionsformen reichen von offener Agitation bis hin zu verdeckt begangenen, teilweise auch schweren Gewalttaten, wobei einzelne autonome Zusammenhänge auch die Verletzung von Personen in Kauf nehmen.[19]

Hei geet et also ëm „teilweise schwere Gewalttaten“, a „Verletzung vu Personen“.  An ech soe fir méi Klorheet  dobäi: et gëtt och Mord aus politechen, lénksextreme Grënn an och lénksextremen Terrorismus.  

Och déi lëtzebuergesch Jonk Gréng stellen sech op dem Site vun denen däitsche Jonke Grénge vir – hei ass een eben ënner gläichgesënnte Kumpanen:

http://www.gruene-jugend.de/node/13246

Wat stéiert  mech dorunn?  Ma dat déi Jonk Gréng hei mat enger Organisatioun sympathiséieren, déi op hirem Site oppe Reklamm fir eng potentiell gewalttäteg Ideologie maachen .

Ech froe mech, wéi si génge reagéieren, wann d’Jugendorganisatioun vun der ADR, d’ADRenalin, sech géng op sou Saachen aloossen… da géngen si (mat Recht) jäizen, blären a brëllen. D’ADRenalin hällt sech awer vun sou Organisatioune wech. Si sinn an den „European Young Conservatives“ a sympathiséieren net mat iergendwelleche mëllen Extremisten wéi déi Gréng dat maachen. Fir mech wären déi Jonk Gréng jiddefalls gutt beroden fir hir Distanz zu denen däitsche Jonke Gréngen ze huelen.

Mee déi Gréng hu ganz allgemeng eng Partie vun Distanzproblemer: nët nëmmen zu den Lénksextremisten, mee och zu de Pädophilen. Si sinn eben e sympathesche a vertrauenswürdege Veräin!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Kommentare zu Déi Jonk Gréng an déi Lénksextrem

  1. Sandro sagt:

    Schued dass dir Hai dei daitsch an déi lëtzebeurger madeneen vermëscht. Dat mecht e schlecht liicht op déi jonk engagéiert lëtzebuerger jonk gréng. Schliesslëch sin si aktiv, an motivéieren vill jonker, an denken dass dat begréissenswert ass, och wann een nët emmer op enger Ligne ass matt deem wat se soën.

  2. Georges sagt:

    Schued, datt de Sandro den Artikel net uerdentlech gelies huet, soss wéisst hien, datt hei näischt vum Artikel vermëscht gët. Oder ignoréiert de Sandro einfach, datt déi jonk Gréng sech op der Internetsäit vun deenen däitsche jonke Grénge virstellen? Hir Präsentatioun zeechent sech iwwregens aus duerch eng absolut Autoiwwerestimatioun! Den Artikel ass justifiéiert.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.