E Lieserbréif vum Här Jerry Colbach zum Thema Feierdeeg an de Schoulen

Kommentar: dëse Bréif ass aus dem Joer 2009 a gouf net an eiser Press publizéiert  – mat der Ausnahm vun enger Zeitung,  déi allerdéngs dofir  keng Erlaabnis vum Auteur  hat. De Bréif ass nach ëmmer aktuell an zirkuléiert um Spaweck. Mat der frëndlecher Erlaabnis vum Här Colbach publizéieren ech säi Bréif op dësem Blog.

Zu dem selwechte Sujet hat ech am November 2009 eng „Question parlementaire“ gestallt. Ech setzen déi, mat der Aentwert vun der zoustänneger Ministech, hannert dem Här Colbach säi Bréif. 

 

„Zwee nei Feierdeeg hei zu Lëtzebuerg?

Ausnamsweis machen ech mengem Ierger Loft an der Sprooch déi meng Elteren mir bäibruecht hunn an dat ass Lëtzebuergesch, obwuel et hei zu Lëtzebuerg zur Gewunnecht gin ass sech mëndlech wéi schrëftlech an iergend enger Friemsprooch
auszedrécken, éischter wéi op Lëtzebuergesch.
Firwat? Ma well mir als Lëtzebuerger an engem klenge Land wéi eisem geléiert goufen Rücksicht ze huelen op déi aner, sech unzepassen an sech a méi wéi nëmmen enger Sprooch fléissend kënnen auszedrécken.

Am Prinzip ass dat jo eng nobel a luewenswert Astellung, an huet dozou gefouert, dass eng Onmass Fransousen joerelaang bei eis schaffe kommen ouni och nëmmen déi klengsten Ustrengung ze machen fir e puer vun de wichtegsten Ëmgangsformen an der
Sprooch vun dem Land ze léieren wou en seng Sue verdinge kënnt. Firwat sollten Sie sech ustrengen eis Sprooch ze léieren, wou sie et dach vun eis sou liicht gemaach kréien?

Eis Politiker rullen hinnen de rouden Teppech aus, fir Sie op Lëtzbuerg ze kréien, Sie kréien an allen erdenkleche Sproochen all wichteg Informatiounen an de Grapp gedréckt, fir dass Sie
nëmmen kee Lëtzebuerger mussen ëm Rot froen, fir gewuer ze gin wou d’Krankekess ass a wéi en sech muss uleeën fir Chômage ze kréien.

Dat selwecht gëllt fir vill Däitscher, Belsch, Portugiesen an neierdéngs och Matbierger vum Balkan. Et ass hei net meng Absicht pauschal all auslännesch Matbierger an een Dëppen ze geheien, ech wëll villméi e puer Situatiounen uschwätzen, déi mat den Hoer erbäi gezun sinn.

Déi italienesch Migranten waren déi éischt déi virun méi wéi 100 Joer a grousser Zuel op Lëtzebuerg koumen, fir hei ze wunnen, ze liewen an ze schaffen. Sie sinn zu enger Zäit komm, wou d’Lëtzebuerger am allgemengen an och d’Politiker vun deemols de Kapp nach op der Plaz haten wou en higehéiert – op de Schëlleren.

Haut kritt en vun Dag zu Dag ëmmer méi den Androck verschidden Leit wieren vum Lemmes gebass, wéissten nët méi wou se hierkommen. Den Italiener sin deemools keng sou Gonschten erwisen ginn, et gouf eng „Vogel friss oder stirb“ Politik bedriwen, déi d’Migranten sou ze soen gezwongen huet sech unzepassen.
Hier Kanner sinn an d’Schoul komm, sie hu probéiert mat ze schwammen, ze verstoen an sie hunn séier verstan, dass Sie besser haten eis Sprooch ze léieren, fir hei zu Lëtzebuerg kënnen ze iwerliewen.

Et sinn deemools keng Elterenversammlungen an 3 verschidden Sproochen ugebuede ginn,  et sinn och keng deier héichglanz Brochuren gedréckt ginn, déi de Migrantekanner d’Vokablen,
d’Verben a sonstegt Léierinhalter an hirer Mammesprooch, wéi um sëlwer Plateau zerwéiert hunn.

Ech héieren elo schon d’Kommentaren vun der Asti a vun anere „Guddmënschen“, déi kommen a mat Sätz ronderëm sech geheien, wou Wieder dra fierkommen wéi – Rassist, Diskriminatioun, Gläichberechtegung, Rechter fir Auslänner, Integratioun a.s.w. Sie hu Recht, well wann Sie sech nët ganz fréi schon fir d’Rechter
vun de Migranten agesaat hätten, da wieren mir haut nët do wou mer sinn.

Ma wou si mer dann eigentlech!?

An denen allermeeschten Geschäfter, muss en all Sproochen beherrschen, ausser Lëtzebuergësch, obwuel a leschter Zäit en Trend sech bemierkbar mecht, den weist, dass verschidden Patron-en sech dofir asetzen, dass hier auslännesch Ugestallten e bësse Lëtzebuergesch léieren. Et ass nie ze spéit fir eppes gudd ze machen.

Dass mer am Sënn vun enger gréisstméiglechster Gerechtegkeet probéieren eisen auslänneschen Matbierger d’Liewen hei zu Lëtzebuerg sou liicht wéi méiglech ze man, dat ass novollzéibar. De Staat finanzéiert eng intensiv Integratiounspolitik an d’Äntwert ass oft:

„Mer huelen wat de Sozialstaat eis bidd, mee et kann keen eis forcéieren eis ze integréieren!?“ oder anescht ausgedréckt: „Mir wëllen eis zwar nët integréieren, mee mir hunn awer Rechter,
zumindest déi selwecht Rechter wéi d’Lëtzebuerger, an deelweis esouguer méi Rechter!?“

Neierdéngs därfen eenzel auslännesch Schüler an der Primärschoul, pardon an der Grondschoul, wann se grouss sproochlech Problemer hunn, esouguer eng Sprooch ewechloossen,
an dat mam offiziellen Segen vun der Madame Delvaux.
Dass kee Mënsch esou eng Moossnam eeschtlech fir sech oder säi Kand beansprucht, dat ass wuel kloer,  mee huet jeemools e lëtzebuerger Schüler de sproochlech Problemer hat einfach duerften eng Sprooch ewegloossen?

Nee, hien huet d’Schouljoer nach eng Kéier gemach a geléiert, dass een sech muss ustrengen!

Lëtzebuerg gëllt nach ëmmer zu bal 98 % als réimesch-katoulescht Land an dat bréngt mat sech, dass mir zu Lëtzebuerg ganz bestëmmten festgeluechten Feierdeeg hun, déi all Lëtzebuerger därfte bekannt sinn. Neierdéngs gëtt et nach 2 weider Feierdeeg déi bis haut keen kannt huet, an zwar den 27. an 28. November.
Do ass e verleet ze froen: „A wat fir een Hellegen gëtt dann do gefeiert?“

D’Educatiounsministesch, d’Madame Delvaux perséinlech huet e Bréif erausginn, wou am ganze Land d’Léierpersonal
an der Grondschoul opgefuedert gëtt, de 27. an 28. November d’Feelen an der Schoul vun Kanner, déi der musulmanescher Gemeinschaft ugehéieren, ze entschëllegen an ze akzeptéieren!
Et handelt sech bei denen zwee Deeg ëm e wichtegt reliéist Fest an der musulmanescher Gemeinschaft, an zwar ass et d’Fest vum „Aid – la fête du sacrifice d’Abraham.

Reliounsfräiheet ass e grousse Privileg, den Generatiounen vu Leit virun eis nët haten a mir mussen eis dofir asetzen, dass all Mënsch en onufechtbart Recht op Reliounsfräiheet huet, an trotzdem huet de Bréif vum 12. November 2009 vun der Madame Delvaux e ganz batteren Bäigeschmaach.

Relioun ass prinzipiell eng Privatsaach, obwuel an eise Schoulen nach ëmmer Relioun als Fach ugebueden gëtt. Leit aus musulmanesche Länner kommen aus fräie Stécker op Lëtzebuerg, an Sie hunn d’Recht hire Glawen ze liewen sou wéi hier Relioun dat viergesäit. All klengt Kand weess, dass et heescht: „Andere Länder – andere Sitten“ soubal een a friem Länner geet. Néierens gëtt et déi Situatioun, dass ech meng Sitten a Gebräicher an der Waliss
ka mathuelen, an an der Friemt dann en Usproch drop därf stellen.

Dass Musulmanen, kee Schwéngefleesch iessen ass jiddwerengem bekannt,mee dass et an de Schoulen haut de Brauch ass,
dass bei de Schnéiklassen, bei Grillfester oder soss schouleschen Ausflich, speziell gekacht gëtt fir musulmanesch Kanner,
dat grenzt u pure Luxus, besonnësch dann wann net-musulmanesch Kanner kommen an sech beschwéieren,
dass de Schwéngsschnëtzel zéi ass wéi eng Masette a froen fir den méi zarten Kallefsschnëtzel därfen z’iessen. Sie kréien dat nët erlaabt, ganz einfach wëll dann jiddwereen de besseren Kallefsschnëtzel giff iessen, mee déi sinn leider ofgezielt a fir déi musulmanesch Schüler reservéiert! Dat ass keen Eenzelfall a gëtt ze bedenken!

Eis Feierdeeg si gesetzlech festgeluecht a jiddwereen ass virum Gesetz gläich gestallt. Et wier interessant der Madame Delvaux hir éierlech Argumentatioun ze héieren, firwat dass elo esou eng Ausnam gemach soll ginn.
Kommen déi musulmanesch Schüler de 6. Dezember, op Christihimmelfahrt an de fräien Oktav-Pilgerdag an d’Schoul
sëtzen oder sinn sie dann och fräi? Firwat hunn déi italienesch Kanner kee Recht de 6. Januar doheem ze bleiwen fir d’Fest vun der Epifania ze feieren? an Italien e gesetzleche Feierdag? Firwat därfen déi italienësch a portugiesësch Kanner nët doheem bleiwen fir den 8.Dezember d’Fest vun der Immacolata ze feieren, an hire Länner e gesetzleche Feierdaag zu Éieren vun der Maria Empfängnis. Dëst nëmmen fir e puer Beispiller ze nennen.

All net-musulmanesch Schüler kréie vun der Madame Delvaux also net d’Recht den nächsten 27. an 28. November an der Schoul ze feelen. Wat ass wa Kanner do sinn déi e Monni, e Cousin oder soss e Familljemember hunn, den der musulmanescher Gemeinschaft ugehéiert?

Wann dann an der Famill gefeiert gëtt, därf dat Kand dann nët un dem wichtegen Fest deelhuelen?  a mat wat fir enger Rechtfäerdegung, wëllt Dir Mme Delvaux esou engem net-musulmanesche Kand dat verbidden? A wann och net, wou ass hei eng Grenz ze zéien. Wann op eemol all Kand an sengem familiären Ëmfeld e Musulman huet, den dat Fest feiert, da kënne mer vläicht am Sënn vun enger grousser religiéiser a kultureller länneriwergräifender Integratiounspolitik direkt d’Schoulen hei zu Lëtzebuerg de kommenden 27. an 28. November zou machen.
Wann dat musulmanescht Kand hei zu Lëtzebuerg nieft sengen offiziellen Feierdeeg och nach de Kleeschen,
d’Krëschtkëndchen an all aner Helleger därf matfeieren, firwat sollen eis chrëschtlech-katoulësch Kanner nët och d’Recht
hun d’Fest vum Abraham sengem Sacrifice matzefeieren.

Affaire à suivre?

Jerry Colbach“

 Question parlementaire

Sprinkange, le 20 novembre 2009

Monsieur le Président,

Conformément à l’article 81 du règlement de la Chambre des Députés, je souhaite poser la question urgente suivante à Madame le ministre de l’Education nationale :

D’après les Informations qui nous reviennent, dans un Courrier adressé aux présidents d’un comité d’école, Madame le ministre de l’Éducation nationale écrit :

„J’ai l’honneur de vous informer que cette année la fête de l’Aïd (la fête du sacrifice d’Abraham) a lieu le 27 ou le 28 novembre 2009. Comme iI s’agit d’une fête religieuse très importante de la communauté musulmane, je vous prie d’informer vos collègues de bien vouloir accepter les justificatifs écrits des parents pour l’absence en classe de leur enfant soit le vendredi 27 novembre, soit le samedi 28 novembre. “

La loi du 6 février 2009 relative à l’obligation scolaire prévoit dans son article 16 consacré aux absences et dispenses: „Les seuls motifs légitimes sont la maladie de l’enfant, le décès d’un proche et le cas de force majeure. “

Par ailleurs, selon le calendrier scolaire retenu dans le règlement grand-ducal du 10 juin 2008, les journées du 27 et 28 novembre 2009 ne font pas partie des jours de congé ou de vacances.

Dans ce contexte, je souhaite poser les questions à Madame le ministre de l’Éducation nationale:

1. Madame le ministre n’est-elle pas d’avis qu’à travers le courrier ci-dessus, elle invite les présidents des comités d’école, et au-delà l’ensemble du corps enseignant de l’enseignement fondamental, à transgresser la loi du 6 février 2009? Dans le cas contraire, sur quelle base légale Madame la ministre s’appuie-t-elle pour pouvoir donner de telles instructions ?

2. Des instructions similaires ont-elles été communiquées aux directeurs des lycées ?

3. Madame le ministre s’apprête-t-elle à autoriser les absences à l’occasion de fêtes religieuses importantes à tous les enfants faisant partie des communautés religieuses autres que la communauté catholique?

4. De quelle manière les enfants absents aux cours pour des motivations religieuses pourront-ils rattraper ces cours? Les enseignants seront-ils invités à ne pas prévoir des devoirs en classe (tests) durant les jours tombant sur une fête de l’une des communautés religieuses présentes au Luxembourg?

5. Madame le ministre envisage-t-elle d’accorder d’autres dérogations à des élèves faisant partie de Communautés religieuses, par exemple pour les cours de biologie, notamment en matière de sexualité et de renseignement de la théorie de l’évolution, en matière d’éducation morale, éthique ou sexuelle ou pour les cours mixtes d’éducation sportive, y inclus les cours de natation?

Veuillez agréer, Monsieur le Président, l’expression de mes salutations distinguées,

Fernand Kartheiser,

Député

Aentwert vun der Regierung

 

Luxembourg, le 24 novembre 2009

Monsieur le Président de la Chambre des Députés

19, rue du Marché-Aux-Herbes

L-1728 Luxembourg

Réponse de la Ministre de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle à la question parlementaire N°264 du 20 novembre 2009 de Monsieur le Député Fernand Kartheiser.

La loi du 28 novembre 2006 portant transposition de la directive 2000/43/CE du Conseil du 29 juin 2000 relative à la mise en œuvre du principe de l’égalité de traitement entre les personnes sans distinction de race ou d’origine ethnique proscrit à l’article 1er toute discrimination directe ou indirecte fondée sur la religion ou les convictions, l’handicap, l’âge, l’orientation sexuelle, l’appartenance ou non appartenance, vraie ou supposée, à une race ou une ethnie.

Vu que les élèves de confession catholique bénéficient des jours de congés officiels pour assister aux fêtes religieuses qui les concernent, il me semble approprié que des élèves adhérant à d’autres religions puissent faire valoir une excuse valable pour la participation à l’une ou l’autre fête religieuse importante, à condition que la communauté religieuse concernée sollicite mon accord au préalable ce qui a été le cas dans la présente situation.

Des instructions similaires ont été communiquées aux directeurs des lycées.

Il ne m’appartient pas d’autoriser a priori des absences d’élèves.

J’ai demandé aux titulaires et régents de considérer la participation à la fête religieuse de la Communauté musulmane comme une excuse valable et ceci à la suite d’une requête qui m’a été transmise par l’Assemblée de la Communauté musulmane du Grand-Duché de Luxembourg.

Pour toutes les absences d’élèves, les dispositions usuelles règlent le rattrapage des cours et, le cas échéant, des devoirs en classe.

Je n’ai pas l’intention de prévoir une dérogation au devoir d’assistance aux cours de certaines matières pour des élèves faisant partie de communautés religieuses.

Mady Delvaux-Stehres

Ministre de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert