Juncker Riot II: Asyl zu Lëtzebuerg och fir déi Paräiser „Kënschtlerinnen“?

Am Artikel „Juncker Riot“ hat ech den Här Juncker dofir kritiséiert, datt hien zu Moskau dem Här President Putin offréiert hat fir de „Sängerinnen“ vum Grupp „Pussy Riot“ politeschen  Asyl zu Lëtzebuerg ze ginn.

Zur Erënnerung un den blasphemeschen Optrëtt vun denen Dammen vu Pussy Riot zu Moskau hei eng Video-Opzeechnung aus der Erléiser-Kathedral:

Gëschter huet  ë Grupp vun der feministischer Organisatioun „Femen“ an der Kathedral Notre-Dame zu Paräis  eng ëffentlech Provokatioun  organiséiert an dem seng Memberen  hallef plakeg an der Kierch hir Sloganen gejaut hunn, reliéis Handlungen lächerlech gemaach  an mat hëlzene Klëppelen op déi nei Klacken vun der Kathedral geschloen hunn, dorënner och op déi vun där eis Groussherzogin Giedel ass. Ech huelen mol un, dat vu verschiddene Leit den Optrëtt lo als „Percussioun“ interpretéiert gëtt, sou wéi dat Gejäiz vu Pussy Riot zu Moskau zum „Gesang“ erklärt gouf.

No eegenen Aussoen wollten déi Dammen fir Aennerungen an der Kierch antrieden, de Récktrëtt vum Poopst Benedikt feieren, wéi och de positive Vote iwwer d’Homosexuellebestietnis am franséichen Parlament. Hei ass de Video vum Optrëtt:

 

RTL.lu huet vun enger „Attaque“ geschwat, fir tageblatt.lu hunn si „gefeiert“. D’Wort huet keng Wierder fonnt an alt léiwer näicht gesot. Dat verstinn ech  och.

Well wann den Här Juncker de Memberen vu „Pussy Riot“ wëll Asyl zu Lëtzebuerg ginn, firwat dann net och gläich denen do Dammen?  Emmerhinn sinn si vun der franséicher Police ofgeféiert ginn…  Den Här Juncker, den grad zu Paräis wor, hätt dem Här President Hollande an dem franséiche Vollék kënnen offréieren fir si direkt mat engem Bus mat op Lëtzebuerg ze brengen! Ech si sëcher, dat vill vun eisen franséiche Noperen dee Geste appreciéiert hätten, sou ongeféier wéi d’Russen vun där Pussy-Riot-Initiativ begeeschtert woren.

Et därf een sech froen, wéi dacks mir eis nach mussen gefale lossen dat eis chrëschtlech Kierchen an eis Relioun – ob orthodox oder kathoulesch – vun sou Leit profanéiert ginn. Si hunn keng Spur vu Respekt fir déi Gleeweg an déi Wäerter déi hinne wichteg sinn. Fir mech sëtzen d’Memberen vu Pussy Riot vollkommen zu Recht am Prisong. An ech sinn lo gespaant fir ze gesinn  ob a wéi déi franséich Justiz op den Optrëtt vu gëschter reagéiert.

Aktualiséierung: Haut (15.02.13) ass bekannt ginn, dat eng Rei vu Plainten géint déi Bedeelegt gemaach goufen, ënner anerem wéinst Stéierung vun der Gebietsrouh, Beschiedegung vun enger neier Klack a Kierperverletzung.  Interessant ass dat de franséichen Bannenminister an de Buergermeeschter vu Paräis, allenzwee Sozialisten, den „Optrëtt“ veruerteelt hunn (kath.net).  Emsou méi interessant ass et fir ze gesinn wéi déi lëtzebuergesch Sozialisten sech an der Affär „Pussy Riot“ an an der Affär Notre-Dame positionnéieren. D'“tageblatt“ hat jo gesot, déi Dammen hätte „gefeiert“.

Anscheinend haten déi Gréng (EELV – Europe Ecologie les Verts) am Paräiser Gemengerot proposéiert fir déi dräi bekannteste Memberen vum Grupp  „Pussy Riot“ zu Eierebiergerinnen vu Paräis ze maachen. (d’Nadejda Tolokonnikova, d’Maria Alekhina an d’Ekaterina Samoutsevitch). Dëss Propositioun soll awer lo den 13. Februar 2013 diskutéiert a refuséiert gi sinn. D’Fro nom eventuellen Zësummenhank tëschent där Decisioun an  der Profanéierung vun Notre-Dame de Paris den Dag virdrun (12. 02. 2013) duerch feministesch Aktivistinnen därf och hei gestallt ginn.

An dem Text vun der Petitioun vun denen franséiche Gréngen (op change.org) heescht et:

Pour rappel, ces trois musiciennes du groupe artistique féministe russe Pussy Riot ont été condamnées, le 17 août 2012 (…)  pour avoir prononcé une prière anti-Poutine à l’occasion d’un concert donné en février dernier à la cathédrale du Christ-Sauveur de Moscou.“

De „Concert“ ass um éichten Video uewen ze gesinn. Fir mech ass dat do alt nes e schéint Beispill dofir, wéi déi Gréng mat der Wouerecht ëmginn.

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik, Relioun veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert