Däitsch Walen: vill Positives!

Sielen hunn ech mech iwwer eng Wal an Däitschland sou gefreet wéi gëschter. Sëcher, Däitschland a Lëtzebuerg sinn zwou verschidde Welten, an awer bleiwen déi Entwécklungen bei eisem gréisste Noper net ouni Konsequenzen op onst Land.

D’Madame Merkel ass ouni Skandal an ouni Schwächt an d’Wale gaangen. D’Lag vun der CDU ass dowéinst och net mat der Situatioun vun der CSV vergläichbar. A wat d’SPD ugeet: iwwer den Här Steinbrück gëtt et zu Lëtzebuerg wahrscheinlech e breede Konsensus. Hoffentlech gëtt deen Här net Minister an enger däitscher Regierung! 

Awer lo déi gutt Neiegkeeten: d’AfD kruut bal 5% an dat nëmmen e puer Méint no der Parteigrënnung. Ech hoffe perséinlech, datt d’AfD denen europäesche Konservative bäitrëtt an domat  eng Partnerpartei vun der ADR gëtt. Si hunn intelligent Leit, maachen éierlech Analysen iwwer den Zoustand vun Europa an hu Courage. Bravo, AfD!

Déi däitsch Liberal si wéi déi lëtzebuergesch DP: ouni Profil. D’DP huet zu Lëtzebuerg zwar nach Strukturen, Memberen an och politesch formuléiert Ziler, mee bannendrann ass déi Partei net méi richteg stabil.  Ech denken, datt d’DP mëttelfristeg Problemer kritt, wëll dem Här Bettel seng Popularitéit ka keen Ersatz fir Politik sinn. Et ass wierklech net normal, datt Blo a Gréng sech hei am Land kaum méi ënnerscheeden, an datt déi „Griberal“ ouni Problem kéinte fusionnéieren.

D’Piraten si praktesch dout. Mat 6 – 8 % hunn se gerechent, lo ass d’Partei amgaang sech opzeléisen. Domat ass och déi lëtzebuergesch Piratepartei, déi u sech nëmmen eng Filial vun där däitscher ass, schwéier getraff ginn. Menger Meenung no ass déi Wal vum Oktober 2013 déi éicht an déi lescht Wal mat lëtzebuerger Piraten.  Do ass dann awer och wierklech näicht verluer!

Wonnerbar ass datt déi Lénk op 8,6% an déi Gréng Partei op 8,4% gefall sinn. Dat ass e Cadeau fir Däitschland a fir eis gläich mat. Do geet alles schéi geschichtlech säi Wee: déi Lénk réckele kalennerméisseg ëmmer méi wäit vun der DDR wech, genee sou wéi déi Gréng vun 1968. E gudden Deel vun hire Kaderen gin einfach al a verbraucht  an hir Ideologien gi vu ville Leit net méi gedroen.

Déi Gréng sinn enk mat pädophilen Tendenzen verstréckt an hire militante Feminismus stéiert un éichter Plaz ëmmer méi Fraen déi es genuch hunn mat enger Ideologie déi virun allem d’Frae selwer wëll emërzéien. Dat gëschter wor keng konjunkturell Schwächt vu Gréng a Lénk , mee den Ufank vun enger definitiver Tendenz no ënnen. Déi zwou Parteien sinn historesch iwwerlieft.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert